
Am Lokale koum et zu dräi Accidenter vun e Samschdeg op e Sonndeg: Ugefaangen mat engem Auto, dee sech zu Péiteng an der Lëtzebuerger Strooss géint 20.30 Auer e Samschdeg den Owend iwwerschloen huet. Eng Persoun gouf blesséiert, de SAMU vun Esch war op der Plaz.
Ee méi uergen Accident gouf et dann kuerz drop tëscht Nidderkäerjeng a Kënzeg: Een Auto ass an ee Bam gerannt. Et gouf 4 Blesséierter, ënnert anerem war de SAMU aus der Stad am Asaz.
Ee Moto-Cycliste ass um kuerz no Mëtternuecht zu Esch gefall a gouf blesséiert.