PoliceAuto geklaut um Cents, anert vermësste Gefier nees erëmfonnt

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg gouf an der Rue Pierre Kohner um Cents en Auto mat der Plack 23838 (L) geklaut.

Et handelt sech ëm e groe Lexus, Modell RX450H (Keyless-System).

Wéi et vun der Police heescht, gouf en Dënschdeg de Mëtteg e Gefier zu Nidderaanwen erëmfonnt, dat zanter Mëtt Mäerz als gestuel gemellt gouf. Heibäi huet et sech ëm en Audi A4 (Keyless-System) gehandelt, deen an der Géigend vum Findel geklaut gouf. De Besëtzer, wéi och de Parquet goufen informéiert.

Op Uerder gouf den Auto als éischt vun der Spueresécherung ënnersicht, éier de Besëtzer en zeréckkrut.

Back to Top
CIM LOGO