
Zu Schëffleng krut d’Police e Gefier gemellt, dat beim erausfueren en anert Gefier geschréipst hat, mä doropshin einfach weidergefuer ass. D’Beamte konnten de Flüchtegen allerdéngs kuerz duerno bei senger Wunneng untreffen. En Alkoholtest ass positiv ausgefall, ausserdeem war hien ouni e gültege Permis ënnerwee. Op Uerder vum Parquet gouf dem Mann säin Auto saiséiert a géint hie Protokoll erstallt.
Kuerz virdrun, géint 17.15 Auer, krut d’Police op der Route d’Arlon an der Stad e Chauffer gemellt, dee wéinst senger onsécherer Fuerweis opgefall war. Hie konnt gestoppt a kontrolléiert ginn. Well och säin Alkoholtest positiv ausgefall ass, krut hie säi Fürerschäin ofgeholl.