
E Méindeg den Owend ass tëscht Hunnebuer a Recken bei Miersch en Auto um Daach gelant, dat géint 18:34 Auer. Eng Persoun gouf blesséiert an op der Plaz war och den Ettelbrécker Samu. Scho virdrun hat et op der A13 op der Héicht vum Beetebuerger Kräiz een Accident tëscht zwee Autoe ginn, ma hei gouf kee blesséiert.
Anescht huet et tëscht Zolwer a Lampech ausgesinn, wou um CR178 ëm 21.30 Auer ee Motocyclist gefall ass. Hie gouf dobäi blesséiert.
De CGDIS mellt dann och e Feier géint 4 Auer an der Nuecht an engem Silo an der Rue Gadderscheier zu Zolwer. Do ass eng grouss Firma déi Holz verschafft. D’Pompjeeën aus der ganzer Géigend waren zanter kuerz no 4 Auer de Moien am Asaz.