Gléck am Ongléck op der N13Automobilist kollidéiert mat Camion a gëtt "nëmme" liicht blesséiert

RTL Lëtzebuerg
Géint 7 Auer en Donneschdeg de Moie koum et tëscht Helleng a Beetebuerg zu engem uergen Accident, bei deem zum Gléck kee schlëmmer verwonnt gouf.

En Auto an e Camion sinn hei aneneegerannt, den Auto ass doropshin eng 30 Meter weider geschleidert ginn. Trotz Totalschued gouf den Automobilist nëmme liicht blesséiert an ass fir eng Kontroll an d’Spidol komm, genee wéi och de Chauffer vum Camion. D’N13, op där den Accident geschitt ass, ass bis op Weideres fir den Trafic gespaart.

Back to Top
CIM LOGO