
Wéi d'Police mellt, konnt de Mann net méi goen an och net stoen, well en ze vill gedronk hat. Souguer de portabelen Alkoholtest war iwwerfuerdert. Spéider konnt e Wäert vun 2,23 mg/l ermëttelt ginn, dat entsprécht méi ewéi 4 Promill.
Am ganze Land hunn e Freideg den Owend 6 Persounen hire Permis missen ofginn, well se ze vill gedronk haten. Weider gouf et am Süde vum Land nach eng Rei Kläppereien.