Am LokalenAutomobilisten ënner Drogen- an Alkoholafloss ënnerwee

RTL Lëtzebuerg
Op der Tréierer Autobunn, op der Houschter Déckt an zu Wegdichen sinn der Police Chaufferen duerch hire Fuerstil opgefall. An 2 Fäll war Alkohol am Spill.

No Mëtternuecht war op der A1 a Richtung Tréier eng Persoun am Zickzack ënnerwee. De Chauffer konnt um Sennengerbierg vun der Police gestoppt ginn. Bei enger Alkoholkontroll koum eraus, dass hien den erlaabten Héchstwäert ëm dat Duebelt iwwerschratt hat. Hie krut de Fürerschäin ofgeholl an e provisorescht Fuerverbuet.

Och op der N7 war en Automobilist am Zickzack ënnerwee. Den Drogentest ass positiv ausgefall. D'Gefier gouf immobiliséiert an de Chauffer krut e Protokoll.

Eng weider Kéier huet d'Police um 23 Auer missen zu Wegdichen intervenéieren. Och hei hat sech e Mann alkoholiséiert hannert d'Steier gesat. Hie konnt säi Permis awer behalen.

Back to Top
CIM LOGO