Gëfteg Substanz nogewisenAutopsie bei Mupp gemaach, deen am August an Déierepensioun gestuerwen ass

RTL Lëtzebuerg
Mëtt August ware jo 5 Muppe bei hirem Openthalt an enger Déierepensioun zu Käerjeng gestuerwen.
© Envato StudioPeace

D’Justiz mellt en Dënschdeg, datt bei der Autopsie vun engem vun de Muppen eng gëfteg Substanz fonnt gouf. Dëst hätt e multifaktoriellen Evenement ausgeléist, deen zum Doud vum Déier gefouert hätt. D’Autopsie an d’toxikologesch Analys goufen op Demande vun der Veterinärsverwaltung gemaach.

Op Uerder vum zoustännegen Untersuchungsriichter wieren et simultan Perquisitiounen an där Pensioun an op zwou Plazen a Frankräich ginn.

Nom Incident am August war eng Enquête wéinst Verstéiss géint d’Déiereschutzgesetz, Behënnerung vun der Justiz an intellektueller Fälschung opgemaach ginn.

D’Enquête leeft weider an de Parquet erënnert un d’Présomption d’innocence.

Dat komplett Schreiwes vum Parquet

Communiqué du parquet de Luxembourg concernant l’enquête sur la mort de cinq chiens en août 2024
(14.01.2025)

À la suite du décès de cinq chiens survenu en août 2024 lors d’un séjour dans une pension pour animaux exploitée à Bascharage, le parquet de Luxembourg a requis l’ouverture d’une instruction préparatoire du chef d’infractions diverses à la loi sur la protection des animaux, d’entrave à la justice et de faux intellectuel.

Dans ce contexte et sur ordre du juge d’instruction compétent, des perquisitions domiciliaires ont récemment été effectuées simultanément dans les locaux de la pension pour animaux ainsi qu’à deux endroits en France sur base d’une décision d’enquête européenne adressée aux autorités judiciaires françaises.

Sur réquisition de l’Administration luxembourgeoise vétérinaire et alimentaire (ALVA) une autopsie et une analyse toxicologique ont pu être réalisées sur la dépouille d’un des chiens décédés. Ces analyses ont révélé que le chien en question est décédé à la suite d’un évènement multifactoriel provoqué notamment par l’ingurgitation d’une substance toxique du genre raticide.

L’instruction judiciaire se poursuit et le parquet entend rappeler la présomption d’innocence.

Veterinärsinspektioun an Affär Déierepensioun: 5 Hënn sinn ënner ënnerschiddlechen Ëmstänn gestuerwen

Back to Top
CIM LOGO