
Um Sonndeg muss een tëscht 13 an 19 Auer am ganze Land mat Temperaturen tëscht 30 an 32 Grad rechnen. Laanscht d’Musel kann den Thermometer och nach 1 Grad weider klammen, heescht et op Meteolux.lu.
Dann ass et fir e Sonndeg tëscht 12 Auer an Hallefnuecht och d’Warnung, dass beim Ozon den europäesche Seuil d’information vun 180 µg/m³ kéint erreecht ginn. Hei gëllt souguer d’Vigilance orange.

Reen ass eréischt fir e Méindeg gemellt, awer mat 3 bis 5 Liter de Metercarré och net wierklech vill.
Den dréchenen a waarme Summer geet weider. An iwwerhaapt riskéiert d’Joer 2022 e Rekordjoer ze ginn, virun allem wat d’Dréchent ugeet.
D’Niveaue vun de Flëss a Baachen am Land wieren aktuell schonn extrem niddreg. Dat haaptsächlech am Norde vum Land.
Vun der Waasserverwaltung heescht et leschten Informatiounen no, dass d’Drénkwaasser-Versuergung zwar nach garantéiert wier, mä plazeweis géif et awer scho kritesch ginn. Dofir ass et och den Appell, am privaten op onnëtzt Waasser-Verbëtzen ze verzichten, an och net de Wuess ze nätzen oder den Auto ze wäschen.
RTL News: Auswierkunge vun der Dréchent: Peegele vu Flëss a Baachen extrem niddereg, wann net schonn ausgedréchent
RTL News: Hëtztwell zu Lëtzebuerg - A wou ass den Ozon?