WalbedeelegungBal all Véierten huet net oder ongülteg gewielt

RTL Lëtzebuerg
329.246 Persoune ware bei de Gemengewalen ageschriwwen, fir wielen ze goen. Méi wéi ee Sechstel dovunner huet kee Walziedel ofginn.

Zu Lëtzebuerg ass wiele Flicht fir all Awunner mat Lëtzebuerger Nationalitéit am Alter tëscht 18 a 75 Joer. Dëst Joer konnt dann och all Resident mat enger aner Nationalitéit sech op d’Wielerlëscht androen, soulaang en zu Lëtzebuerg ugemellt ass, volljäreg ass an d’Walrecht net oferkannt krut.

Bal 330.000 ageschriwwe Wieler konnten oder hu missen e Sonndeg fir d’Gemengewalen hir Kräizer verdeelen. Méi wéi 50.000 Leit hunn de Wee an de Walbüro oder bei d’Post awer net fonnt an hu kee Stëmmziedel ofginn. Et ass wichteg ze soen, dass dorënner och d’Residentë sinn, déi iwwer 75 Joer al sinn, eng Convocatioun heem geschéckt kruten, mä net ënnert d’Walflicht falen. Wéi vill vun de méi wéi 50.000 Net-Wieler excuséiert waren a wéi vill net, konnten eis déi offiziell Ulafstellen net soen.

Ma och ënnert de knapp 278.000 Walziedelen, déi hire Wee an d’Urn fonnt hunn, sinn net nëmme gülteger drënner. Ronn 25.000 Walziedelen hate keen Impakt op den Ausgang vun de Gemengewalen. Méi wéi 11.000 Ziedele goufe wäiss ofginn, 14.456 goufen als ongülteg zeréckbehalen. Ongülteg ass e Walziedel, wann ze vill Kräizer gemaach goufen oder zum Beispill eppes drop geschriwwen oder gemoolt gouf.

Doraus ergëtt sech en Total vu 76.388 Persounen vu bal 330.000 ageschriwwene Wieler, déi bei de Gemengewalen net gewielt hunn, dat entsprécht 23 Prozent. Am Resumé: All véierten ageschriwwene Wieler, souwuel excuséiert wéi och ouni Excuse, huet net oder ongülteg gewielt.

Back to Top
CIM LOGO