Ganz ouni Timber verschécktBankclientë vun der Post krute Sue vun de Konte geklaut

Marc Hoscheid
D'Post ass Affer vun enger Phishing-Attack ginn. Clienten, déi de Bankservice vun der Post notzen, goufen duerch Mailen op ee gefälschte Site gelackelt.

Net schlecht gestaunt hunn, dierften d’lescht Woch eng Partie Post-Clienten. Esou goung et op d’mannst enger Persoun, déi sech bei RTL gemellt huet, fir nozefroen, ob der Presse keng Informatiounen iwwert eng gréisser Hackerattack beim Bankservice vun der Post géinge virleien. Dat war net de Fall. Der Persoun no wier ee fënnefstellege Montant vun hirem Konto transferéiert ginn, ouni datt si eppes dovunner wousst. D’Postbeamten hätten dann och op Nofro hi gesot, datt et sech dobäi net ëm een Eenzelfall gehandelt hätt.

Dat confirméiert d’Post och op RTL-Nofro hin. D’lescht Woch hätt et eng Serie vu Phishing-Maile ginn. Dobäi hätte sech Onéierlecher als d’Post, respektiv als LuxTrust ausginn, fir un Donnéeë vun eboo-Clienten ze kommen. Dobäi wier probéiert ginn, d’Clientë mam “Look&Feel” vu Post a LuxTrust ze täuschen, fir si derzou ze bréngen, sech via Link op engem gefälschte Site mat hire perséinlechen Donnéeën anzeloggen. D’Zil wier et an dësem Fall, de Konto vum Affer mat enger Payconiq-App ze verlinken an esou “frauduléis Transaktiounen” duerchzeféieren.

Post verschéckt keng Mailen, fir sech anzeloggen

D’Post géing ëmmer esou séier wéi méiglech reagéieren, fir d’Attack ofzewieren, d’Linken ze blockéieren an d’Clienten iwwert digital Kanäl direkt op de Probleem opmierksam ze maachen. An deem Kontext erënnert d’Post dorun, datt si ni E-Maile mat der Opfuerderung, sech anzeloggen, erausschéckt. Et sollt een ni op esou Linken an enger E-Mail klicken a se direkt läschen. Fir sech op sengem “eboo-Kont” anzeloggen, kéint een entweder iwwer d’App “eboo” oder iwwert www.eboo.lu fueren.

Wann ee Client awer op de “frauduléise” Link geklickt huet, soll en direkt de Contact Center vu “Post Finance” uruffen. Dësen ass tëscht 7 an 20 Auer ënnert der Nummer 8002 8004 ze erreechen. Sollt dee Moment eng kriminell Operatioun constatéiert ginn, da blockéiert “Post Finance” direkt den eboo-Konto an d’Verlinkung op Payconiq an de Client kritt geroden, eng Plainte bei der Police ze maachen, säi LuxTrust Passwuert ze änneren a “Post Finance” eng Kopie vun der Plainte eranzereechen.

Keng Informatiounen iwwert d’Zuel u betraffene Clienten

D’Post ënnersträicht dann nach, datt et keng generell Schwächt am Sécherheetssystem vun eboo géing ginn. Et géing ee kontinuéierlech alles derfir maachen, d’Clientë beschtméiglech ze protegéieren.

Wéi vill Clientë vun der Phishing-Attack betraff waren, respektiv ëm wéi vill Suen et geet, wollt d’Post mat Verweis op d’Sécherheet an d’Confidentialitéit net matdeelen. Och net, ob d’Sue mëttlerweil rëm zeréck op de Konte sinn. Déi Persoun, déi eis op den Tëschefall opmierksam gemaach huet, huet iwwerdeems matgedeelt, datt d’Sue rëm do wieren. Wéi, dat hätt awer och d’Post net erkläre kënnen. Dat wier och bei enger Partie anere Concernéierten de Fall.

Back to Top
CIM LOGO