Dobäi waren ënner anerem den Ëmweltminister Serge Wilmes an d'Vertrieder vun de Gemengen Habscht a Käerch dobäi.
Tëscht Februar an Dezember 2023 gouf e 200 Meter laangt Stéck vum Floss an en natierlechen Zoustand zréckversat. D'Uferen an d'Flossbett goufen nei gestalt, a mat Bamwuerzelen, Fielsen a Sandbänke goufen nei Liewensraim fir Déieren a Planze geschaf.
D'Renaturéierung verbessert net nëmmen d'Natur an d'Biodiversitéit, mee och den Héichwaasserschutz. Gläichzäiteg ass de Floss elo méi schéin an eng Beräicherung fir d'Bewunner vum CIPA an d'Spadséiergänger.
D'Aarbechte kaschten am Ganze 961.000 Euro a goufe
komplett vum Ëmweltministère finanzéiert.