Nach bis 20 AuerMeteolux warnt viru Wiedere mat Knëppelsteng a Wand am ganze Land

RTL Lëtzebuerg
Vun e Freideg um 14 Auer bis den Dag selwer um 19:59 Auer kann et am ganze Land zu Wiedere mat Knëppelsteng a Wand kommen.
© RTL

Meteolux gëtt dës Alerte Jaune fir dat ganzt Land eraus, well et e Freideg am Nomëtteg zum Risiko vu Wiedere begleet vu Knëppelsteng a Wandspëtzte vu 60 bis 80 Kilometer an der Stonn ka kommen. Och d'Quantitéit vum Reen ka fir Problemer suergen, well een hei a kuerzer Zäit mat 15 bis 30 Liter pro Quadratmeter muss rechnen.

Och d'Meteorologe vu Kachelmann warne virun den nächste Stonne, si schwätzen och vu schwéiere Wiederen, deels mat Donnerwiederen, esou wéi vill Reen. Déi lescht schwéier Schauere wäerten d'Land den Owend awer a Richtung Däitschland verloossen an an der Nuecht wäert et gréisstendeels dréche sinn. D'Temperature falen op 15 bis 10 Grad erof, am Éislek si plazeweis esouguer just 8 Grad z'erwaarden.

Donnerwiedere si bis den Owend méiglech, schlecht Stroosseverhältnisser wéinst dem Reen

E Samschdeg da si mat 22 bis 28 Grad ze rechnen, dat bei engem Wand vun 30 bis 40 Kilometer an der Stonn. Änlech dann e Sonndeg, wou d'Temperaturen awer plazeweis just bis op 19 respektiv 23 Grad wäerte klammen.

© Screenshot Meteolux

Back to Top
CIM LOGO