
Wéi d'Police schreift, wier et en Donneschdeg géint 7 Auer zu engem Accident op der N26 tëscht Wolz an dem Schumannseck komm. Op der Héicht vun der Kräizung a Richtung Rulljen wieren deemno e Renault Clio an e Minibus anenee gerannt. Éischten Erkenntnisser no huet de Chauffer vum Renault misste staark bremsen, wouropshin de Minibus dem Renault drop gerannt ass. Virum Renault soll dee Moment e weideren Auto gewiescht sinn, deen och gebremst hat, dono awer weidergefuer ass.
D'Police sicht Zeien, déi den Accident gesinn hunn oder eppes dozou soe kënnen. Wien eppes weess, ass gebieden, sech beim Policebüro Ardennes ënnert der Nummer 244 89 1000 oder per Mail u police.ardennes@police.etat.lu ze mellen.
E Mëttwoch gouf dann och nach géint 19:25 Auer d'Barriär op der Gare zu Klengbetten duerch e Gefier zerstéiert - warscheinlech en Trakter, wéi d'Police schreift. De Chauffer ass awer net stoe bliwwen, fir sech ëm de Schued ze këmmeren.
D'Police sicht deemno Zeie vum Virfall, respektiv nom Chauffer an Informatiounen iwwer d'Gefier. All Hiweiser si fir d'Police vu Kapellen ënnert der Nummer 244 30 1000 oder per Mail u police.capellensteinfort@police.etat.lu.