
Dem Statec no ass Dussmann mat 5.340 Mataarbechter - warscheinlech nach méi - de gréissten Employeur hei am Land. Den Tun Di Bari, hire CEO, seet awer: "Mir hunn net d'Futtball-Weltmeeschterschaft gewonnen". Am Interview mat RTL Infos erkläert hien, wéi si dohi komm sinn, datt d'Zuel vun de Mataarbechter weider wiisst an datt nach Wuesstemspotential besteet.
"Dussmann bitt vill verschidde Servicer un, déi a véier Beräicher ënnerdeelt sinn. De wichtegsten ass de Beräich 'Botzen' an de 'facility management', dee méi wéi 3.000 Persounen zielt. Den zweete Beräich ass de Sécherheetsberäich 'Dussmann Security'. Do geet et virun allem ëm d'Iwwerwaachung vu Wunngebaier, mee awer och Klinicke wéi den CHL oder den CHEM, Akafszentren, Banken etc. Dëse Beräich zielt ëm déi 1.200 Salariéen.
Den drëtte Beräich ass d'Restauratioun, mat 'Dussmann Catering'. Dozou gehéiert d'Verfleegung an den Entreprisen, Klinicken, Altersheemer, mee awer och an de Maisons-relaisen, Crèchen oder d'Lycéeën ënnert dem Numm Restopolis, fir dee mir als Déngschtleeschter schaffen.
An dann de véierte Beräich gëtt et nëmmen zu Lëtzebuerg. Dat ass den 'Dussmann Lavador', eng industriell Wäscherei um Rouscht zu Biissen. Et ass déi modernsten am Ëmkrees vun 200 Kilometer! 220 Mataarbechter verschaffen do all Dag 47 Tonne Wäsch. Wann Dir zu Lëtzebuerg an den Hotel gitt, ass d'Chance grouss, datt mir d'Wäsch wäschen, déi Dir benotzt."

"Fir d'éischt: dat ass keng Course. Mir hunn net d'Futtball-Weltmeeschterschaft gewonnen! Eise Succès kënnt duerch déi alldeeglech Aarbecht vun eise Mataarbechter an eisen Ekippen. Et ass méiglech, datt mir an e puer Joer manner Mataarbechter hunn, well dat vun de Kontrakter an den Ausschreiwungen ofhänkt. Wa mir en neie Botz- oder Sécherheetsoptrag gewannen, iwwerhuele mir normalerweis d'Personal, dat schonn do schafft. Sou behalen d'Mataarbechter hir Aarbecht a kréie méi Sécherheet. Mee fir dat ze maachen, musse mir als éischt d'Marchéë gewannen.“
"Mir si grouss ginn, ouni aner Entreprisen opzekafen. Dass eng organesch Hausse gewiescht, déi op eiser Kompetitivitéit an eiser Innovatioun berout. Mir si fir eis Clienten do, wa si eis brauchen. Et ass virun allem eng Saach vu Vertrauen. Dofir schwätze mir éischter vu Partner ewéi vu Clienten. Dës Entwécklung ass iwwer déi lescht zwanzeg Joer lues, mee kontinuéierlech verlaf. Mir investéiere vill an eis Ausrëschtung, zum Beispill a Kiermaschinnen a Roboteren. Zënter 2024 hu mir eis Strategie e bëssen ugepasst, fir ëmmer um neiste Stand vun der Technologie ze bleiwen. Mir investéieren och an d'Digitaliséierung an Optimiséierung vun eisen Aarbechtsprozesser.
Haut hu mir scho 5.480 Mataarbechter. Wa mir eng aktuell Ausschreiwung gewanne géifen, kéinte mir bis Enn vum Joer op 5.500 oder souguer 5.550 Mataarbechter kommen. Am Catering ginn et vill Ausschreiwungen am Juni, Juli an August. Am Botzsecteur ginn et esou Ausschreiwunge wärend dem ganze Joer. Mir kënnen awer och Partner verléieren - et ass wéi eng Wo. Dofir ass et wichteg, lues a gutt ze wuessen. Dat wichtegst ass den Encadrement, wéi an enger Futtballsekipp."
"De gréisste Wuesstemspotential läit am Botzsecteur. Et ginn nach interessant Clienten, déi mir gären als Partner géife gewannen. Och am Sécherheetsberäich ass e Wuesstem méiglech, mee deen ass méi 'kontrolléiert', well mir an dem Secteur eng gewësse Limitt erreecht hunn. Dowéinst kënne mir do nëmmen Opträg unhuelen, déi maximum 20 bis 30 Persounen erfuerderen."
"Eis Mataarbechter sinn eist wichtegst Kapital. Ech géif mir wënschen, datt d'Leit, déi an eise Secteure schaffen, wéi d'Botzfraen, d'Mataarbechter am Sécherheetssecteur an an der Restauratioun, aus der Offall-Gestioun etc. méi eng grouss Unerkennung kréien, well si eng wichteg Aarbecht maachen."
"Et ass ee Succès, dee lues a lues opgebaut gouf mat heiansdo spektakuläre Momenter. Ufank Februar 2026 hu mir zum Beispill en enorm grousse Botzkontrakt an der Klinick Robert Schuman kritt. Dat entsprécht 120 Mataarbechter. En anert Beispill: Zënter dem 1. Mee 2026 assuréiere mir d'Botz vun den Zich vun den CFL. Dat bedeit 90 Salariéë méi. Eng aner Ausschreiwung leeft de Moment nach. Déi géif 120 Mataarbechter erfuerderen."