Mëllechbaueren, déi hir Molkerei verléieren, Düngemëttelpräisser, déi explodéieren an eng Dréchent, déi sech ganz negativ op d'Recolte auswierke kéint. D'Erausfuerderunge fir d'Landwirtschaft sinn esouwuel zu Lëtzebuerg wéi a ganz Europa grouss. Genuch Aarbecht also fir de Lëtzebuerger EU-Kommissär Christophe Hansen.
Am Background schwätze mer dëse Samschdeg mam CSV-Politiker awer net just iwwert d'Landwirtschaft, mee ënnert anerem och iwwert d'Roll, déi d'EU am Ukrain- an Iran-Krich spillt an dem europäeschen Asyl- a Migratiounspak.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen " Background " wielen.