
Am Departement Haute-Vienne ass eng Fra vun engem Bam erschloe ginn an an der Isère ass e Mann duerch e Blëtzschlag ëm d'Liewe komm. E Freideg de Moien huet Météo-France dann och d'Alerte jaune op den orangen Niveau gehuewen, dat fir eng 30 Departementer. Nodeems sech wärend 12 Deeg eng intensiv Canicule iwwer quasi dat ganzt Land geluecht, sinn d'Alerte wéinst der Hëtzt bis op e puer Ausname quasi iwwerall opgehuewen.
En Donneschdeg am Nomëtteg war eng Fra zu Saint-Victurien no engem staarke Stuerm vun engem Bam erschloe ginn. Zu Dolomieu an der Isère hat e Blëtzschlag e Brand an engem Metall-Atelier verursaacht. D'Pompjeeën haten op der Plaz d'Läich vum 38 Joer ale Proprietär vum Gebai fonnt.
Am Norde vu Saint-Etienne gouf et iwwerdeems dann och e klengeren Tornado, deen op der Autobunn A72 zwee Camionen ëmgeheit huet.
Duerch d'Wieder haten dann och eng 53.000 Stéit an der Géigend um Freidegmëtteg nach kee Stroum.