Invité vun der Redaktioun (2. Februar) - Camille SchroederBauerenallianz wëll fundamental Diskussioun iwwer Wuesstem

RTL Lëtzebuerg
Invité e Freideg no 8 Auer war de President vun der Bauerenallianz Camille Schroeder.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Camille Schroeder
Invité e Freideg no 8 Auer war de President vun der Bauerenallianz Camille Schroeder.

Se hätt gär eng fundamental Diskussioun iwwert de Wuesstem an d'Repercussiounen op d'Baueren, d'Bauerenallianz, déi dem Premier viru Kuerzem an deem Sënn och e Bréif geschriwwen huet. De Landverbrauch mécht der Interessevertriedung vun de Baueren scho méi laang Suergen, sot de President Camille Schroeder um Freideg de Moien am RTL-Interview.
An deem Kontext, kéint een op kee Fall sinn, datt d'CO2-Emissioune vun neien Industrien op Käschte vun der Landwirtschaft op landwirtschaftleche Fläche kompenséiert ginn. Dat ass och der Bauerenallianz hiert Haaptuleies an den Diskussiounen iwwert déi griichesch Jughurtsfabrick.

A wéi wäit de Projet de Lëtzebuerger Baueren eppes bréngt, dat sief dohinner gestallt, huet de Camille Schroeder gemengt, et wier kloer, datt d'Mëllech, déi do verschafft gëtt um "Spottmarché" kaf, op Lëtzebuerg transportéiert an dann duerno an Europa exportéiert gëtt.

D'Digitaliséierung mécht der Bauerenallianz manner Suergen. D'Technologie an der Landwirtschaft wier vill méi wäit wéi dat an der Ëffentlechkeet duergestallt gëtt.  Bal 30% vun de Kéi am Land géifen haut schonn mat "Melkrobotere" gestrach.

Bio: Mir produzéieren dat wat d'Leit consomméieren

Dat dekretéiert Zil vun der Rifkin-Etud vun 100% Bio gesäit de President vun der Interessevertriedung vun de Baueren dogéint op d'mannst skeptesch. Do missten d'Consommateuren mol matspillen, well de Lëtzebuerger Bauer géif dat produzéieren, wat de Consommateur ësst an drénkt, sou de Camille Schroeder. Am Beräich vun der Biomëllech zum Beispill géif zu Lëtzebuerg den Ament nach emol sou vill verschafft ginn, wéi hei am Land verbraucht gëtt.
Wie Bio seet, denkt och u Pestiziden. Et misst een an engem raisonnabele Delai kucken, wéi een d'Produktiounsmethoden ännere kann, sou de Camille Schroeder. Et kéint een de Baueren net soen, fir direkt op der Minutt mam Glyphosat opzehalen. Et wier een awer gewëllt, op d'Dauer erauszeklammen.

Glyphosat: Landwirtschaft ass gewëllt, lues a lues erauszegoen

D'Kritik un der Bauerenallianz an dem Landwirtschaftsminister, datt den däitsche Landwirtschaftsminister Christian Schmidt e Méindeg op d'Seance académique vun der Bauerenallianz invitéiert war, huet de Camille Schroeder net gëlle gelooss. Et wier eng Éier gewiescht, datt dem CSU-Minister bei se komm wier. Hien hätt och net iwwert de Glyphosat geschwat.
D'Bauerenallianz, déi wéi gesot hiren 30. Anniversaire gefeiert huet, versteet sech selwer manner als Gewerkschaft a méi als Interessevertriedung fir d'Landwirtschaft. Et géif een d'Ministeren net op der Strooss attackéieren, mä och mat dësem liberale Landwirtschaftsminister intern haart Diskussiounen féieren. Et géif een op d'mannst ee mol d'Woch an déi zoustänneg Ministère goen, sou de Camille Schroeder.

Invité e Freideg no 8 Auer war de President vun der Bauerenallianz Camille Schroeder.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren
Back to Top
CIM LOGO