Méi spéit méienBauerenzentral a Jeeër iwwer Kitz an de Wisen

Claude Zeimetz
All Joer kënnt et vir, datt Bauere beim Méien am Fréijoer Réikitz mat hire Maschinne geroden.

Den Ëmweltministère huet ze lescht d’Recommandatioun rausginn, méi spéit méien ze fueren. Fir d’Bauere wier dat awer och mat Contraintë verbonnen, heescht et aus dem Secteur. D’Jeeërfederatioun plädéiert fir nach eng besser Zesummenaarbecht an techneschen Equipement.

Offiziell Statistiken, wéi vill Kitz all Joer beim Méien ëmkommen, gëtt et net. De President vun der Jeeërfederatioun Jo Studer verweist op déi 621 Juegdlousen, déi et gëtt. Mat nëmmen zwee Kitz pro Lous géif een direkt op eng héich Zuel kommen. Hie geet op alle Fall dovunner aus, datt d’Donkelziffer héich ass. Dem President vun der Bauerenzentral Christian Wester no dogéint, géif de Problem éischter héichgekachtginn.

“Déi meescht Bauere probéiere jo och deem entgéintzewierken, datt et zu sou Accidenter kënnt. Do gëtt vill gemaach, fir dat z’evitéieren.”

Bauere géifen de Juegdpiechter informéieren, ier se méie fueren an dee géif da kucken, datt sou mann wéi méiglech Wëld am Stéck ass. Jeeër hätten an der Zäit Tuten opgehaangen, fir ofzeschrecken. Et kéint ee mam Hond duerch d’Wise goen oder no de Réi mat Wäermebildkamerae vun Drone sichen.

De President vun der Jeeërfederatioun Jo Studer: “Mä natierlech musse mer och gefrot ginn, fir eng Hand mat unzepaken. Wann natierlech ee moies un 11 Auer urifft a seet, ech méien elo um eng Auer, dat funktionéiert net. An och eng Dron, dat muss ee wëssen, wann ee mat der Wärmebildkamera fiert, da kann dat nëmme moies fréi geschéien. Sou bal wéi d’Sonn op de Buedem schéngt, dann ass déi Differenz net méi grouss genuch. Da fanne mer se och net sou gutt.”

Do kéinte verschidde Baueren nach sécher en zousätzlechen Effort maachen. Den Asaz vun Drone setzt viraus, datt een och Leit duerfir huet. Och fir d’Kitz anzesammelen. Eng interessant Pist wier, fir de President vun der Jeeërfederatioun och fir d’Trakteren direkt mat Sensoren z’equipéieren.

“Do missten dann awer och Moyene beim Staat sinn, fir dat z’ënnerstëtzen an dat ze fërderen. Dat ass eng Technik, déi kann ee vir drop hänken. Déi hieft entweder d’Méiwierk an d’Luucht an da kann de Bauer bleiwen. Dann dréit de Bauer d’Réi an de Bësch oder leet et op d’Säit. Et bréngt awer och mat sech, datt de Bauer vill méi lues muss fueren.”

Deem schléisst sech och de Christian Wester un. D’Landwirtschaft kéint déi Käschte sécher net eleng droen. Och bei der Propos vun der Ëmweltministesch fir méi spéit ze méien, verweist hien op d’Schwieregkeeten, déi dat mat sech bréngt.

“Fir d’Réi ze retten, ass déi korrekt. Wann ech méi spéit méie fueren an d’Kitz à même sinn, hir Nistplaz ze verloossen, da si se fort aus der Wiss. Da geroden ech och keent. Et gëtt awer en Zilkonflikt do mat der Qualitéit vum Fudder, déi ech als Betrib muss recoltéieren, fir wirtschaftlech mäi Véibestand z’ënnerhalen. Do passt déi Ausso net an de Kontext, wéi mer haut Landwirtschaft bedreiwe sollen.”

Wat méi fréi geméit géif, wat d’Eewäissqualitéit am Gréngland an am Gras nämlech besser wier. Déi kriddeleg Phas fir d’Kitz ass tëscht Mee a Juli an de Wochen, nodeems se op d’Welt kommen. Déi Kleng hunn dann nach keen Instinkt fir fortzelafen, mä ducke sech.

Egal wéi vill Kaméidi ronderëm ass.

RTL-Artikel: No Doud vu Réikitzen: Natur an Déieren duerch e méi spéit Méine schützen

Back to Top
CIM LOGO