
Nach zwou Woche viru senger Diagnos ass d’Caroline bei enger internationaler Äiskonschtlaf-Competitioun zu Riga matgelaf – als eenzeg Lëtzebuergerin an der Kategorie Junior Women.
Fir seng Ekipp war et e Schock, well et virdru keng Unzeeche vun der Krankheet gouf. D’Mady Elvinger, Presidentin vun der Lëtzebuerger Äiskonschtlaf-Federatioun, konnt et ufanks net richteg realiséieren. Fir si war kloer, dass si d’Caroline missten a sengem Kampf ënnerstëtzen.
Fir säin Traitement war d’Caroline an enger Klinik zu Homburg an Däitschland, wou hatt eng Stammzellespend sollt kréien. De perfekte Spender war zum kriteschen Zäitpunkt, wou säin Immunsystem ganz schwaach war, net do. Duerch d’Fortschrëtter an der Medezin konnt awer eng Alternativ fonnt ginn. Duerch déi géif et him besser goen an hatt ass och net méi am Ausland.
Dem Caroline hätt eng Stammzellespend gehollef, dofir hat d’Mady Elvinger am Februar en Typiséierungsdag mam Plooschterprojet organiséiert. Dëse kläert op iwwer Bluttkriibs a beweegt d’Leit dozou, sech als Stammzellespender enregistréieren ze loossen. Et misst méi getest ginn, esou d’Mady Elvinger, fir dass méi Leit mat Bluttkriibs kéinten eng Spend kréien.
Fir de Plooschterprojet war et e Rekorddag: bal 1.400 Neiaschreiwunge ware fir d’Caroline erakomm.