Coronavirus zu LëtzebuergBei 5.396 Tester goufen 68 Persoune positiv getest

RTL Lëtzebuerg
D'Santé huet matgedeelt, datt d'Zuel vun de Leit, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, bei 824 bliwwen ass.
© RTL-Archivbild

Aktuell si 20 Persounen hospitaliséiert, dovunner 5 op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 723.051 Impf-Dosisse genotzt. 463 Leit kruten e Mëttwoch hir 1. Dosis gesprëtzt. Fir 3.105 Persoune war et déi 2. Impfung.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,85. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO