
Dee gréissten dovunner soll op der Bauschuttdeponie an der Géigend vu Colmer-Bierg realiséiert ginn. Aktuell gëtt hei nach Buedem vu Chantieren getippt, ma domadder soll spéitstens Enn 2026 Schluss sinn. An da soll de 35 Hektar grousse Site ganz anescht genotzt ginn. Op 15 bis 20 Hektar gëtt eng Photovoltaikanlag opgeriicht, déi bis zu 4,5 Meter héich gëtt. Do drënner ginn iwwer 100 verschidden Zorten Äppel-, Bieren- a Quiddebeem geplanzt. D’Gedrénksfirma Ramborn hofft, datt hiert Uebst esou besser virun de Suitte vum Klimawandel geschützt gëtt, wéi de Patron Carlo Hein erkläert.
“Et ass ee Schutz vis-à-vis vum Hagel iwwert dem Uebst, de Frascht kënnt net méi sou drun, well ënnendrënner eng besser Temperatur ass, d’Friichte sinn och vis-à-vis vun der Sonn geschützt, et ass och eng besser Fiichtegkeet ënnert deenen Anlagen. Also war et eng logesch Konsequenz, sech derfir ze interesséieren.”
An deene méi géien Deeler vum Site gi Blumme geplanzt, fir d’Biodiversitéit ze verbesseren. Op de puer Hektar kënnt zudeem ee Bësch. Wat d’Photovoltaikanlag ugeet, esou gëtt dës vun der Firma Solarpower gebaut, dës gehéiert wéi Ramborn zum Grupp Becolux. D’Solarpanel sinn net beweeglech, d’Installatioun vu Moteure géing ze deier ginn. Se sinn awer an der Lag, och ee groussen Deel vum Liicht opzefänken, dat vum Buedem reflektéiert gëtt. Pro Joer kënnen néng Millioune Kilowattstonne Stroum produzéiert ginn. Dat géing dem Verbrauch vun e puer Dausend Stéit entspriechen. Ma am Fong steet d’Landwirtschaft am Vierdergrond. De Biobauer Charel Noesen soll um Site Hénger halen.
“Tëschent den Uebstbeem soll och nach ee Mobilstall gehale ginn, deen dann ëmmer verréckelt gëtt. Déi Hénger lafen da raus an ënnert de Beem. D’Beem an d’Photovoltaikanlag ginn den Hénger Schutz, een natierleche Liewensraum. Et muss ee wëssen, d’Hénger kommen aus dem Dschungel a fille sech deementspriechend do natierlech extrem wuel. An op der anerer Säit friesse se och zum Beispill Wierm wéi den Apfelwickler, déi soss géingen an den Apel goen.”
De Projet gëtt net direkt finanziell vum Staat ënnerstëtzt. Dofir ass fir déi éischt 15 Joer awer ee fixe Stroumpräis garantéiert. Dee läit dee bei ronn 14 Cent d’Kilowattstonn fir de Beräich vun der Uebstplantage a fir de Rescht bei ronn 10 Cent d’Kilowattstonn.
Wat d’Agri-Photovoltaik am Generellen ubelaangt, hält een am Landwirtschaftsministère drop, datt all d’Projeten no enger gewësser Zäit evaluéiert ginn. Dat fir erauszefannen, op et een negativen Impakt vun de Photovoltaikanlagen op d’Kulturen ënnendrënner gëtt. De Conseiller de gouvernement Michel Santer gesäit awer och nach eng weider Gefor.
“Et ass jo sou, datt dann effektiv rëm eng Kéier een Drock op d’Land kënnt. Well wann ee bedenkt, dee finanziellen Ertrag, deen aus der renger Energieproduktioun rauskënnt, ass natierlech villfach méi héich wéi bei enger reng landwirtschaftlecher Produktioun. Da kann een dervunner ausgoen, datt een Drock op d’Land, sief et op der Pacht oder beim Kaf effektiv ze erwaarden ass.”
Ob no enger positiver Evaluatioun ee weideren Appel d’offre lancéiert gëtt, steet nach net fest.