Invité vun der Redaktioun (3. Februar)Dr Marc Berna an Dr Martine Goergen, Spidolsdirekteren HRS respektiv CHL

Carine Lemmer
En Dënschdeg de Moien ass d'Affär Wilmes Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

D’Affär ronderëm den Dr Philippe Wilmes schléit héich Wellen. En Dënschdeg de Moie kommen d’Spidolsdirekteren aus den HRS an dem CHL ze Wuert: den Dr Marc Berna an d’Dr Martine Goergen. Sechs Dokteren aus dem CHL haten Alarm geschloe wéinst dem HRS-Orthopäd.

Wéi koum et zu de Reprochen? Wat läit elo alles um Dësch? Gëtt et eng Konkurrenz tëscht den zwee Spideeler? A wat bedeit dat alles fir de Patient?

Mir diskutéieren dat mat de Generaldirekteren vum Centre Hospitalier an den Hôpitaux Robert Schuman live um 8 Auer.

LIVESTREAM Radio

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO