Affär vun illegaler Immigratioun a KorruptiounBei der Direction de l’Immigration goufe fënnef Mataarbechter fräigestallt

Michèle Sinner
Den Inneminister Leon Gloden sot, hie wier am Abrëll 2025 fir d’éischt vun der Affär gewuer ginn.
Bei der Direction de l’Immigration goufe fënnef Mataarbechter fräigestallt
Den Inneminister Leon Gloden sot, hie wier am Abrëll 2025 fir d’éischt vun der Affär gewuer ginn.

Bei der Direction de l’Immigration si fënnef Mataarbechter fräigestallt. Dräi dovun hat den Inneminister Léon Gloden am Abrëll 2025 fräigestallt, wéi schonn eng Perquisitioun am Haus vun der Immigratioun war. Ee vun hinne koum an Untersuchungshaft. Dat sot de Léon Gloden am RTL-Interview. Am Abrëll 2025 wier hien deemno och fir d’éischt vun der Affär gewuer ginn. D’Direction de l’Immigration hätt selwer am Januar 2023 Denonciatioune gemaach.

De Parquet hat jo den Dënschdeg iwwert eng gréisser Affär vun illegaler Immigratioun informéiert, well en Dënschdeg nach emol parallel Perquisitiounen op der Direction de l’Immigratioun an am Héichschoulministère, an enger Rëtsch Entreprisen a bei Privatleit waren. De Léon Gloden huet deemno dunn en Dënschdeg zwee weider Mataarbechter fräigestallt.

De Parquet hat en Dënschdeg matgedeelt, datt zanter dem Summer 2023 eng Enquête leeft wéinst dem Verdacht op Korruptioun, Aflossnam, Blanchiment, Fälschungen, Subventiounsbedruch, Mënschenschleiserei a Verstéiss géint d’Gesetz iwwert d’Persounefräizügegkeet an d’Immigratioun. De Parquet geet dovun aus, datt eng 200 Leit aus Drëttstaaten op Basis vu gefälschten Ënnerlagen illegal agereest sinn a Sozialleeschtunge bezunn hunn.

De Léon Gloden huet preziséiert, datt et sech ëm den Department "Ressortissants Pays Tiers" géing handelen – et also net ëm Demandeurs d'aysle geet.

"Wann een aus engem Drëttstaat, also aus engem Land, wat net an der EU Member ass, wëll op Lëtzebuerg schaffe kommen - huele mer un, en Handwierker -, dee muss en Diplom virweisen. Deen Diplom, dee kritt eng Equivalenz vum Educatiounsministère. Doropshi stelle mir dann en Titre de séjour aus. Wann déi Diplomer aus engem Drëttstaat kommen, wou mer d'Sprooch net kennen, da gëtt deen natierlech iwwersat, ganz oft iwwer Traducteur agréé. Kënnt een aus engem Drëttstaat, mat engem Unisdiplom, fir hei zu Lëtzebuerg ze schaffen, wou een en d'Unisdiplom brauch, do gëtt den Diplom homologéiert vun dem Ministère de l'Enseignement supérieur."

De Parquet hat en Dënschden och bedauert, datt ee wéinst den Dateschutzreegele keng rechtlech Grondlag hätt, fir de betraffenen Autoritéiten a Verwaltungen d'Identitéit vun de Fraudeure matzedeelen. De Léon Gloden seet, hie géing déi Suerg verstoen.

"Mir hunn natierlech eng Rechtslag Dateschutz vun Donnéeën, mee mir fueren heiansdo mat deem Dateschutz an d'Mauer, wann et drëm geet, d'Kriminalitéit ze bekämpfen."

Dofir wier virun zwou Wochen am Regierungsrot de Prinzip vun der "Approche administrative" festgehale ginn, fir datt d'Administratioune kënnen Donnéeën echangéieren.

"An et gëtt elo eng Plattform geschaaft tëschent verschidde Ministèren, wou eebe verschidde Beispiller geholl ginn. Wou komme mer un eis Limitten? A wou musse mer nobesseren? Well dat ass och ganz kloer. Dateschutz berout natierlech op engem Gesetz. A wa mer dat do wëllen opmaachen, an ech menge mir mussen et opmaachen, ech ënnerstëtzen de Parquet 100 Prozent an där Iddi, da musse mer d'Gesetzgeebung an deem Sënn änneren."

De Léon Gloden huet der Chamber och fir den nächsten Dënschden eng Interieurskommissioun proposéiert, fir den Deputéierte Ried an Äntwert ze stoen.

Back to Top
CIM LOGO