Domat geet no iwwer 20 Joer eng Ära op en Enn: Zanter der Aféierung vum Euro 2002 war nämlech ëmmer de Grand-Duc Henri op de Lëtzebuerger Mënzen ze gesinn.
Déi nei Mënze sollen elo no an no ab dem 13. Juli zu Lëtzebuerg an Ëmlaf kommen.
D'Produktioun leeft an enger Héichsécherheets-Wierk zu Pessac bei Bordeaux. Hei produzéiert d’Monnaie de Paris schonn zanter 1973 Mënzen – vun der éischter Metall-Plack bis bei déi fäerdeg verpaakte Mënz.
All Joer ginn hei ronn eng Milliard sougenannten "Ëmlaf"-Mënzen hiergestallt. Ronn 600 Milliounen dovun si fir de franséische Marché geduecht. De Rescht geet an aner EU-Länner oder souguer an afrikanesch a südamerikanesch Staaten.
D'Sécherheetsmesure si strikt: beim eran- an erausgoe gëtt d'magnéitesch Mass vun de Mataarbechter a Visiteure kontrolléiert, fir sécher ze sinn, datt kee mat Mënzen an der Täsch d’Fabrik verléisst. Verschidde Maschinne produzéieren hei bis zu 800 Mënzen d'Minutt.
Déi nei Lëtzebuerger Euro-Mënz gouf vun der italieenescher Designerin Chiara Principe entworf. De Portrait vum Grand-Duc Guillaume baséiert op Fotoe vun der Maison du Grand-Duc.
Besonnesch opfälleg: de Grand-Duc Guillaume kuckt op der neier Mënz no riets (et gesäit een dat lénkst Profil vum Gesiicht), genee entgéintgesat zu sengem Papp, deen no lénks gekuckt huet. Dat entsprécht enger laanger Traditioun bei Trounwiesselen. Fir de Finanzminister ass déi nei Mënz och en Zeeche vun der Lëtzebuerger Verbonnenheet mat Europa an der Monarchie.
Trotz ëmmer méi digitale Bezuelmethode bleift Boergeld weider wichteg. Dat confirméieren och déi Responsabel vun der Monnaie de Paris.
"Quand il y a un conflit, les gens se rabattentsur de la monnaie physique“, erkläert de Fabrice Bonneau, Industrie-Direkter zu Pessac. A Krisenzäite géifen d’Leit nees méi op Boergeld zeréckgräifen.
Och de Lëtzebuerger Finanzminister deelt dëse Constat. "Allkéiers wann eng Kris ass, wëllen d’Leit doheem Boergeld hunn, fir dass se nach ëmmer kënne mat Boergeld bezuelen, wann eppes ausfält“, seet de Gilles Roth.
Dobäi bleift Lëtzebuerg och sengem kompletten Euro-System trei: och déi kleng 1- an 2-Cent-Mënze wäerte weider produzéiert ginn.
"Mir wollten net vun de klassesche Bezuelungsmëttelen ofréckelen“, esou de Minister. Och wann déi klengst Mënze vläicht ëmmer méi symbolesch géife ginn, gehéieren se fir Lëtzebuerg nach ëmmer zum kompletten Euro-Pak dozou.
Déi nei Mënze mam Grand-Duc Guillaume kommen also elo vum 13. Abrëll un no an no op de Marché. Déi al Stécker mam Grand-Duc Henri verschwannen awer net direkt. Si bleiwe valabel a kënnen och an Zukunft nach iwwerall benotzt ginn.