Falschen AlarmGrave Fall vu "Swatting" am Centre Socio-Educatif zu Dräibuer

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg am spéide Moie koum et zu engem Fall vu sougenanntem "Swatting". Bei dësem Phänomen gëtt dacks vun Onbekannte komplett bewosst e falschen Alarm ausgeléist. D'Suitte kënnen allerdéngs dramatesch sinn.
Archiv-Bild
© RTL Archiv

De 7. Juli, also en Dënschdeg am spéide Moien, gouf d'Police alertéiert, dat well eng arméiert Attack an engem Schoulgebai zu Dräibuer gemellt gouf. Wéinst der Gravitéit vun dësen Informatioune gouf e groussen Dispositiv säitens der Police op déi presuméiert Plaz vun der Dot erausgeschéckt. D'Leit op der Plaz, déi potentiell a Gefor wieren, sollten a Sécherheet bruecht ginn an d'Plaz selwer securiséiert ginn.

No éischten Iwwerpréiwunge war awer séier kloer, dass d'Primärschoul "Billek" zu Dräibuer net konnt d'Plaz vun der presuméierter Dot sinn. Dohier gouf sech séier op der Centre Socio-Educatif zu Dräibuer konzentréiert, wou Unitéiten dunn déi néideg Kontrollen a Prozeduren duerchgefouert hunn. Schlussendlech war kloer, dass et iwwerhaapt guer keng arméiert Attack gouf an dass et sech ëm e falschen Alarm gehandelt huet, dee vun enger, respektiv e puer onbekannte Persounen, ausgeléist gouf. Dëse méi neie Phänomen, deen een och vill aus dem Streaming-Beräich kennt an deen deels uerg Konsequenze kann hunn, gëtt als "Swatting" bezeechent.

Ermëttlungen hu séier dozou gefouert, dass zwee jonk Verdächteger konnten identifizéiert ginn. De Jugendriichter huet dunn decidéiert, déi zwee Mannerjäreg am Centre pénitentiaire op Schraasseg ënnerzebréngen, an der UNISEC war zu deem Moment nämlech keng Plaz méi.

D'Police an de Parquet erënneren drun, dass e falschen "Swatting"-Alarm vu sou enger Envergure als eng extrem grav Strofdot ugesi gëtt. Esou Aktioune mobiliséieren nämlech komplett sënnlos grouss Ekippen u Polizisten a Secouristen, déi dann am Fall vun engem richtegen Noutfall natierlech géife feelen. Dobäi kënnt, dass esou "Swatting"-Asätz d'Ekippen an och concernéiert Bierger massiv a Gefor setzen, well bei sou Meldungen direkt an op eng urgent Aart a Weis misst gehandelt ginn. Weider léise sou falsch Alarmen och Suergen, Onsécherheet an deels Panik bei Schüler, Schoulpersonal, Elteren an allen anere concernéierte Persounen aus.

D'Autoritéiten ënnersträichen dohier, dass esou Aktiounen net op déi liicht Schëller geholl ginn a scho guer net als Witz betruecht ginn. D'Police an de Parquet behandele sou Fäll systematesch extrem seriö a setzen alles drun, d'Täter vu sou Aktiounen ze identifizéieren a juristesch zur Verantwortung ze zéien.

Back to Top
CIM LOGO