Zanter zwee Joer geplangtPost-Finance-Servicer no Migratioun nees progressiv disponibel

Roy Grotz
Post Finance huet de leschte Weekend hir zentral Bankeninfrastruktur komplett erneiert, eng Operatioun, déi méi wéi zwee Joer virbereet gouf, awer zäitweis zu Problemer gefouert huet.
D'Post argumentéiert, datt bei enger IT-Migratioun vun dëser Gréisst a Komplexitéit et net auszeschléisse wier, datt eenzel punktuell Upassungen néideg sinn, fir datt all d'Servicer nees optimal funktionéieren.
© Post Lëtzebuerg

"Et huet sech ëm eng aussergewéinlech, gréisser, geplangten an iwwer méi wéi zwee Joer virbereet Operatioun gehandelt, bei där Post Finance seng zentral Bankeninfrastruktur komplett erneiert huet." Sou erkläert d'Post op RTL-Nofro hin d'substantiell Aarbechten, déi de leschte Weekend um Reseau vun de Finanservicer, also och der Eboo App, duerchgefouert goufen.

Dës Migratioun huet de Kär vum informatesche System concernéiert, op deem all d'Bankservicer baséieren, sou datt fir dës Ëmstellung Millioune vun Donnéeën a Prozesser op eng nei Plattform hu misse migréiert ginn.

D'Operatioun ass der Post no sou verlaf wéi geplangt an déi betraffe Servicer sinn zënter e Méindeg progressiv nees disponibel. D'Clientë gi gefrot, sech déi neiste Versioun vun der Eboo-App ze installéieren.

Trotz allem krute mer eng Rei Réckmeldunge vu Clientë vun der Post-Bank, déi iwwer Probleemer mat der App geklot hunn. D'Post argumentéiert, datt trotz enger ëmfaassender Virbereedung et bei enger IT-Migratioun vun dëser Gréisst a Komplexitéit net auszeschléisse wier, datt eenzel punktuell Upassunge néideg sinn, fir datt all d'Servicer nees optimal funktionéieren.

Bei den Transaktioune wier et aktuell méiglech, klassesch Virementen auszeféieren. D'Funktionalitéit "Instant Payment", déi d'Post zejoert agefouert huet, wäert iwwerdeems an den nächsten Deeg nees disponibel sinn.

Wärend der Migratioun iwwert de Weekend goufen dann och d'Bankkaarten zäitweis an en "Offline-Modus" gesat. Dobäi handelt et sech ëm e Standardmechanismus, deen am Bankesecteur bei Maintenance-Aarbechten oder gréisseren IT-Operatioune benotzt gëtt.

Et konnt duerfir virkommen, datt déi temporär pauschal Limitt erreecht gouf, obwuel um Kont nach genuch Sue waren. D'Bankkaarte vun alle Clientë fonctionéieren an der Tëschenzäit awer nees normal, mellt d'Post.

Well de Contact Center vu POST Finance aktuell awer vill méi Appelle vu Clientë kritt, déi Froen hunn, kënnen d'Waardezäite punktuell méi laang sinn ewéi gewinnt, obwuel d'Ekippen däitlech verstäerkt goufen.

D'Clientë gi gefrot, wa méiglech eng E-Mail op contact.finance@post.lu ze schécken, amplaz onnëtz Zäit um Telefon ze waarden.

Back to Top
CIM LOGO