Politmonitor (1/2)Trotz Tripartitesaccord packt et de Premier Luc Frieden net zeréck an d'Topp 10

Pit Everling
Pierre Jans
Kevin Kayser
Lara Beidler
Am éischten Deel vum Politmonitor kucke mer eis net just d'Beléiftheet vun de Regierungs- a Chambervertrieder un, mä och, wéi d'Leit d'Aarbecht vun der Regierung bewäert hunn.
De Premier am RTL-Interview
De Premier am RTL-Interview
© LUDOVIC MARIN/AFP

De Vize-Premier Xavier Bettel dominéiert haut la main, de Premier Luc Frieden bleift weider bausst den Top 10. 49 Prozent vun de Leit fannen d'Aarbecht vun der schwaarz-bloer Koalitioun gutt, 36 Prozent fannen dës schlecht. Ënner anerem dat seet den neie Politmonitor vun Ilres am Optrag vun RTL an dem Lëtzebuerger Wort. Bei dësem Exercice sti wéi gewinnt d'Sympathie an d'Kompetenz vun de Politiker um Préifstand. D'Ëmfro gouf tëscht dem 16. a 26. Juni also no der Tripartite realiséiert.

Politmonitor Juni 2026 / Reportage Pit Everling

Luc Frieden profitéiert net vun Tripartitesaccord

De Premier kann, wat seng eege Wierkung ugeet, net direkt vum Tripartitesaccord profitéieren, verléiert awer och net weider un Terrain. Hie bleift onverännert op der Plaz Nummer 12 mat enger Moyenne vun 52,6 Prozent Zoustëmmung, e Plus vun 0,6 Punkten. CSV-intern steet d‘Landwirtschafts- a Sportministesch Martine Hansen op der Eent mat gutt 60,6 Prozent Zoustëmmung. D‘Gesondheets- a Sozialministesch Martine Deprez stoung an de leschte Méint mat Dossieren an der Ëffentlechkeet. Si gëtt fir hir Gestioun belount a ka bannent den CSV-Reien am meeschte bei Sympathie a Kompetenz zouleeën, et gëtt e Plus vu 5,2 Punkten. D‘Ministere Gilles Roth a Léon Gloden loossen e bësse Plommen. Fir de leschtgenannte geet et am generelle Klassement vun der 15 erof op d'21. De Chamberpresident Claude Wiseler verléiert par Rapport zu der leschter Ëmfro ganzer 7 Punkten, wat de stäerkste Réckgang am ganze Politmonitor bedeit.

Topp 3 onverännert

De liberalen Ausseminister léisst op en Neits näischt ubrennen. De Xavier Bettel steet an der Gonscht vun de Leit un der Spëtzt, et gëtt kaum Verännerung bei Sympathie a Kompetenz, mat ronn 80 Prozent Zoustëmmung. Bei der DP fält op, datt d'Popularitéitswäerter vun der Stater Députée-Maire Lydie Polfer liicht noloossen. Nach méi no ënne geet et awer fir d‘Digitaliséierungs- an Héichschoulministesch. D‘Stéphanie Obertin verléiert iwwer 5 Prozentpunkten. Si markéiert bei Sympathie a Kompetenz mat gréisserem Ecart d'Schlussliicht vun der schwaarz-bloer Regierung.

Bei der LSAP verléiere quasi alleguerten d'Käpp liicht un Zoustëmmung, wat awer net ëmmer eng méi schlecht Plaz am Ranking bedeit. Déi beléiftsten LSAP-Politikerin ass d‘Paulette Lenert, déi der Politik rezent Äddi sot an domat an Zukunft net méi am Questionnaire wäert opdauchen. Um Podium bleift awer den Deputéierte Mars di Bartolomeo. De gréisste Verloscht gëtt et beim Diddelenger Député-Maire Dan Biancalana, dee rezent als Parteipresident opgehalen huet. Hie verléiert véier Punkten.

ADR-Politiker um Wupp, Sven Clement béisst Plazen an

D'Vertrieder vun de méi klenge Fraktiounen a Sensibilitéite kënnen net profitéieren. Bei der ADR ka just d‘Alexandra Schoos liicht bäileeën, wärend Fred Keup an Tom Weidig iwwer 4 Punkte leie loossen, woubäi den Tom Weidig vun alle Politiker dat schlechtste Resultat realiséiert, mat enger Moyenne vu just 9,4 Prozent. Béi déi Gréng verléiere Sam Tanson, Meris Sehovic a Joelle Welfring tëscht 2,5 an 3,5 Punkten, woubäi d'Joelle Welfring hir Demissioun an der Chamber annoncéiert huet.

Ganz ënnerschiddlech Score gëtt et bei de Piraten. De Sven Clement verléiert bei Sympathie a Kompetenz 4,8 Punkten, wärend de Marc Goergen 3 Punkte bäileet. D‘Deputéiert vun déi Lénk Marc Baum an David Wagner verléieren am aktuelle Politmonitor iwwerdeems ganz liicht, klammen awer am Klassement.

Bettel bekanntste Politiker, Notorietéit geet iwwerall zeréck

Wat d‘Notorietéit also de Bekanntheetsgrad ugeet, steet de Xavier Bettel mat 98 Prozent virop am Klassement, virum Premier Luc Frieden an dem Educatiouns- a Logementsminister Claude Meisch, déi op 96 Prozent kommen. De Claude Meisch gëtt am Popularitéitsklassement awer just den zweetleschte Regierungsmember. Am mannste bekannt ass an dësem Politmonitor iwwregens de Maurice Bauer vun der CSV.

Prestatioun vun der Koalitioun ass manner schlecht

49 Prozent vun de Leit fannen d‘Aarbecht vun der Regierung gutt, am leschte Politmonitor waren et 48 Prozent. Och wann dat keng grouss Verbesserung ass sou fannen awer däitlech manner Leit d'Prestatioun vun der Koalitioun schlecht. Enn zejoert waren dat nach 43 Prozent, lo sinn et der nach 36 Prozent.

Et iwwerrascht wéineg, datt 91 Prozent vu den CSV-Wieler d‘Regierung gutt fannen. Bei der DP läit d‘Zoustëmmung awer just nach bei 69 Prozent, an dat trotz Bedeelegung un där Koalitioun. Déck zwee Drëttel vun den LSAP-Wieler an souguer 69 Prozent vun den ADR-Wieler fannen d‘Aarbecht vun der aktueller Koalitioun iwwerdeems schlecht.


D'Detailer wéi ëmmer op Alia.lu

Fir de Politmonitor am Optrag vun RTL an dem Lëtzebuerger Wort gouf vun der Ilres eng representativ Stéchprouf vun 1.020 Leit gefrot. D'Interviewe sinn tëscht vum 16. an dem 26. Juni iwwer Telefon an online iwwer MyPanel vun der Ilres realiséiert ginn.

Weider Detailer iwwer d'Method an de Questionnaire vun dësem Sondage fannt Dir op Alia.lu. Minimal Differenze kënnen duerch d'Op- an Ofronnen entstoen.


Opgepasst

Bei dëser Editioun vum Politmonitor hu mer eng éischte Kéier d'Statistike mat enger Zuel hannert dem Komma publizéiert, wouduerch d'Statistike méi präzis ginn a Vergläicher méi einfach ze maache sinn. Dëst kann an dëser Editioun awer och dozou féieren, datt et duerch d'Op- an Ofronne vun der leschter Editioun zu klengen Differenze ka kommen.

Wann Dir d'Cookies net akzeptéiert hutt, ass et méiglech, datt Dir d'Grafiken net ugewise kritt.


Weider Sujeten zum Thema

Back to Top
CIM LOGO