Alphabetiséierung op FranséischEtüd iwwer Projet Alpha bis ewell net publizéiert, well se dem Ministère net gefält?

Carine Lemmer
Et gëtt eng Etüd iwwer de Projet Alpha, also d’Alphabetiséierung op Franséisch, déi bis ewell net verëffentlecht gouf. Reporter.lu hat dat gemellt.
© Bialasiewicz

D'Etüd iwwer d'Alphabetiséierung op Franséisch vum Fuerschungszentrum LUCET vun der Uni Lëtzebuerg géif den Notze vun der Reform a Fro stellen.

De Piraten-Deputéierte Sven Clement wollt dowéinst, datt dee Rapport bannent 24 Stonne publizéiert gëtt. Hien hat en Dënschdeg an der Chamber eng Motion an deem Sënn agereecht. "Wien dogéint stëmmt, stëmmt dergéint, datt d’Chamber hir Kontroll ka maachen", huet hie gemengt.

D’Motioun gouf awer e Mëttwoch de Moie refuséiert. Just d’ADR huet se matgestëmmt. D'Partei hat en Dënschdeg och e Communiqué gemaach a wëll, datt d'Reform gestoppt gëtt.

D’Oppositioun vun LSAP, déi Gréng an déi Lénk hunn d'Motion net matgedroen, well se faktesch falsch wär. Am Text stoung, datt d’Eltere misste bis de 9. Juli eng Decisioun huelen, ob hir Kanner op Däitsch oder Franséisch sollen ënnerriicht ginn. Dat stëmmt awer net. De Sven Clement huet dat och e Mëttwoch de Moien an der Chamber redresséiert.

LSAP, déi Gréng an déi Lénk hu wéi gesot d’Motion net matgestëmmt, mä si deelen awer d’Kritik. D’LSAP-Deputéiert Francine Closener sot, si géif et kriddeleg fannen, datt een de Leit d’Gefill gëtt, datt hei Saache vertuscht ginn.

DP an CSV hunn erkläert, datt d’nächst Woch en Dënschdeg iwwer de Rapport an der Educatiounskommissioun vun der Chamber soll diskutéiert ginn. Méindes virdru soll d’Etüd publizéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO