D'Parteien an der Chamber hunn ënnerschiddlech IddienWéi soll an Zukunft d'Aarbechtszäitorganisatioun ausgesinn?

Carine Lemmer
Den Aarbechtsminister Marc Spautz sot e Mëttwoch, datt d'Regierung un der 40-Stonnewoch festhält. A Kollektivverträg wäre manner Stonnen d'Woch awer méiglech.
Bürosaarbecht (Symbolbild)
© Shutterstock

Am Hierscht wëll den Aarbechtsminister mat de Sozialpartner iwwer d'Aarbechtszäitorganisatioun diskutéieren, e Mëttwochmoie war op Wonsch vun der Regierung schonn eng Orientatiounsdebatt doriwwer an der Chamber. Déi verschidde Parteie sollten hir Vuen an Iddie presentéieren. D'Organisatioun vun der Aarbechtszäit misst der moderner Aarbechtswelt ugepasst ginn, do waren sech d'Deputéiert eens. Wéi dat am Detail ausgesäit, do hunn d'Parteien awer verschidden Iddien.

Wéi soll an Zukunft d'Aarbechtszäitorganisatioun ausgesinn? / Carine Lemmer

DP fir méi eng flexibel Wochenaarbechtszäit, zum Beispill 4 Deeg vun 10 Stonnen

D'DP an d'Carole Hartmann hu konkret Pisten opgezeechent fir méi e modernt Aarbechtsrecht. D'Pause kéint een zum Beispill anescht reegelen. Den Ament ass just eng onbezuelte Paus pro Dag méiglech. Dat erlaabt et beispillsweis net, moies vun doheem aus ze schaffen a méi spéit op d'Aarbecht ze fueren, well da misst d'Mëttespaus bezuelt ginn. D'DP fënnt och, datt et misst méiglech sinn, méi flexibel ze schaffen, zum Beispill 4 Deeg 10 Stonne laang amplaz 5 Deeg 8 Stonne laang.

D'CSV ass mat enger Ausso souwuel bei der LSAP, wéi och bei déi Lénk ugeeckt. Zil wär net méi oder manner schaffen, mä besser organiséiert ze schaffen, huet de Charel Weiler gemengt. Fir de Sozialist Georges Engel, fréieren Aarbechtsminister, ass dat eng konservativ Haltung a sécher net progressiv. Wann ëmmer esou geduecht gi wär, géife mer haut nach 50 Stonne schaffen an hätte kee bezuelte Congé, huet de Georges Engel gemengt. Et misst een e bësse méi wäit an e bësse méi wäit no vir denken. Och déi Lénk an de Marc Baum hu sech un deem Saz vum Charel Weiler gestéiert. D'CSV hätt deels réckstänneg Iddien, wäit ewech vu chrëschtlech-sozial.

LSAP weider fir 38-Stonne-Woch

D'LSAP fuerdert och weider eng 38-Stonne-Woch. Déi Lénk sinn och fir eng Aarbechtszäitverkierzung. Fir déi Gréng ass eng allgemeng Kierzung net realistesch, mä an engem Kollektivvertrag wär jee no Secteur a Betrib awer dofir Plaz. D'Piraten an de Sven Clement wëllen och iwwer manner schaffen an eng 4-Deeg-Woch diskutéieren. D'Regierung sollt e Pilotprojet maachen.

D'ADR an hiren Deputéierte Michel Lemaire si fir d'Bäibehale vun der 40-Stonne-Woch a fir de Schutz vun de Salariéen. An der aktueller ugespaanter wirtschaftlecher Situatioun wär et sécher net ubruecht, d'Aarbechtsrecht nei z'erfannen an d'Sozialpartner ze splécken.

Regierung hält u 40-Stonne-Woch fest

Den Aarbechtsminister Marc Spautz huet sech déi ganz Diskussioun ugelauschtert a huet um Enn gemengt, d'Debatt hätt hiren Zweck erfëllt. Am Hierscht soll, wéi gesot fir d'Rentrée, mat de Gewerkschaften a mam Patronat iwwer d'Aarbechtszäitorganisatioun geschwat ginn. De Marc Spautz sot e Mëttwoch, datt d'Regierung un der 40-Stonnewoch festhält. A Kollektivverträg wäre manner Stonnen d'Woch awer méiglech.

Marc Spautz wëll méi a rechtlech verbindlech Kollektivverträg

Den CSV-Aarbechtsminister wëll och méi Rechtssécherheet, wat d'Kollektivverträg ugeet. Dat, wat an engem Kollektivvertrag steet, misst rechtlech gëllen. Dat géif och d'Kollektivverträg stäerken an där wëll de Minister der méi. Et wär wichteg déi 80% z'erreechen, déi d'EU-Direktiv virgesäit, sou de Marc Spautz. Hie sot och, datt am Kader vum neie Gesetz iwwer d'Ouvertureszäiten, een op den Tankstelle méi wéi 40 Kollektivverträg kritt hätt. Eng 2.000 Leit wären esou ofgedeckt.

Back to Top
CIM LOGO