De Ferdinand Kayser, de strategesche Conseiller vum SES-CEO Steve Collar seet: “Tatsaach ass, datt mer dëst Joer 25 Prozent vun eisem Chiffre d’affaires wäerte maache mat sougenannte gouvernementalen Applikatiounen, déi sinn sou gutt ziviler wéi militärescher Natur.”
Dat traditionellt Tëleesgeschäft, mat deem SES grouss ginn ass, geet weiderhin zeréck. D’Leit kucken ëmmer manner linear Tëlee, déi se iwwert Satellitteschossel empfänken, mä streamen ëmmer méi Video-Contenu online. D’lescht Joer sinn deemno just nach d’Hallschent vun der SES hire Revenuen aus dem Tëleesgeschäft komm. Déi aner Hallschent kënnt aus der sougenannter Reseau- oder Netzwierk-Aktivitéit. Also dann, wann SES Satellittekapazitéit fir Kommunikatiounen an Internetverbindungen. Dorun, sou déi Responsabel, sinn ëmmer méi Regierungen interesséiert.
Dat kann iwwerraschen. De Militärsatellit Lux-Gov-Sat, deen SES a Lëtzebuerger Regierung matenee lancéiert hunn, hat laang Probleemer, fir Clienten ze fannen, well aner Regierungen net wollte mat enger privater Firma schaffen. Antëscht huet LuxGovSat eng ganz Rei Sécherheetszertifikatioune gemaach. D’Ekippen, déi fir gouvernemental Applikatioune schaffen, wieren och komplett ofgeschiermt vun deenen anere Mataarbechter, erkläert de Ferdinand Kayser.
“T’ass entretemps esou, datt ganz vill Regierungen an Europa, mee awer och déi amerikanesch Regierung konsequent op Kapazitéiten zeréckgräifen vu kommerziellen Operateuren. Dat huet och dozou gefouert, datt elo Westeuropa, déi belsch, déi hollännesch a skandinavesch Regierungen, Regierungen an Osteuropa an d’NATO op Kapazitéit vu LuxGovSat zréckgräifen.”
Datt et keng Beréierungsängscht méi gëtt, géif och de Kontrakt beweisen, deen SES zesumme mat der Firma Babcock gewonnen huet, fir iwwert déi nächst sechs Joer brittesch Militärsatellitten z’exploitéieren, esou de Ferdinand Kayser.
D’SES leed och e Konsortium fir de sougenannten “Eagle 1" ze developpéieren, ee LEO, e “low earth orbit"-Satellit, dee fir Securiséiere vun europäesche Quantecomputer gebraucht gëtt. Wann dat klappt, huet SES Satellitten am ieweschten, mëttleren an am ënneschten Orbit, eppes wat aner Operateuren net unzebidden hunn, betount de CEO Steve Collar.
De Betrib huet e Méindeg zu Betzder seng Resultater fir 2022 virgestallt. Ënnert dem Stréch huet SES eng Perte vun 34 Milliounen Euro gemaach am Verglach mat engem Benefice vun 453 Milliounen Euro dat Joer virdrun. Trotzdeem seet de Ferdinand Kayser: “2022 war fir eis e gutt an e wichtegt Joer”. Den Ëmsaz goung ëm 9 Prozent op 1,9 Milliarden Euro erop. D’Resultat virun Zënsen an Ofschreiwunge louch bei 1,1 Milliard Euro.
An den Operatioune wier ee gutt weider komm, esou déi Verantwortlech. Der SES hir nei Konstellatioun vu Satellitten am mëttleren Orbit, heescht “M Power” a soll dësen Hierscht operationell sinn. Zwee “M Power"-Satellitte goufen Enn 2022 lancéiert, bis de Summer kommen der eng sechs no.
“An M Power ass fir eis essentiel fir de Wuesstem”, seet de Ferdinand Kayser. Dat ass och déi Zort Satellitten, fir déi SES an d’Lëtzebuerger Regierung d’lescht Woch e Kontrakt ënnerschriwwen hunn.
Donieft huet SES en neie Satellit, SES-17, a Betrib geholl an SES-20, SES-21 souwéi SES-22 goufe lancéiert. “Dat sinn déi Satellitten, déi mer an Amerika brauchen, fir déi sougenannt C-Band-Frequenzen opzeginn”, sou de Ferdinand Kayser. Déi C-Band-Frequenze gi gebraucht, fir den amerikanesche 5G mobile Telefonsreseau opzebauen. SES ass ee vu méi Operateuren, déi dofir Frequenze fräiraumen an entschiedegt ginn. Alles an allem kritt SES véier Milliarden Dollar dofir. D’SES huet dofir 2021 scho bal eng Milliard Dollar Entschiedegung kritt, déi nächst dräi Milliarde kommen dëst Joer. Datt d’lescht Joer keng koumen, erkläert nieft den Zënshaussen, datt SES 2022 mat enger Perte ofgeschloss huet.