Den 3. Abrëll huet d’Police op der A6 an der A3 kontrolléiert, ob d’Camionschauffere sech un d’Restriktioune fir d’Feierdeeg halen.
26 vun hinne waren net en règle a goufen deementspriechend protokolléiert.
Si waren awer net déi eenzeg, déi erfaasst goufen, well och aner Verstéiss goufe festgestallt.
A 4 Fäll war zum Beispill d’Charge net richteg geséchert, 4 Chaufferen hate keng Eurovignette an hirem Gefier an zwee Chaufferen hate keng Derogatioun, well hire Camion net déi virgeschriwwen Dimensiounen agehalen huet. Ee Chauffer war dann och méi séier ënnerwee, wéi e mat sengem Camion dierft fueren.