Moundmissioun Artemis IIAstronauten esou wäit vun der Äerd ewech wéi nach ni

Pierre Weimerskirch
D’Artemis-2 Missioun markéiert e wichtege Schrëtt fir d'Raumfaart. Fir d’éischt zanter iwwer 50 Joer sinn nees Mënsche Richtung Mound geflunn.
Artemis II
D’’Astronauten kruten Ablécker op Deeler vum Mound, déi bis elo nach kee Mënsch gesinn huet.
© NASA

D’amerikanesch Weltraumagence NASA huet mat der Artemis II en neie Rekord opgestallt. Nach ni ware Mënschen esou wäit vun der Äerd ewech, wéi déi 4 Astronauten, déi an der Nuecht och eng Kéier ronderëm den Äerdtrabant geflu sinn.
Dat mécht dës Rees net nëmmen technesch aussergewéinlech, mee och symbolesch: Si weist, datt d’Mënschheet nees bereet ass méi déif an de Weltall virzedrängen.

Momenter ouni Kontakt

Eng spannend Phas vun der Missioun war déi Zäit, an där d’Kapsel hanner dem Mound verschwonnen ass. Ronn 40 Minutte laang war kee Kontakt mat der Äerd méiglech. Sou “Blackout“-Momenter gehéieren dozou, bleiwen awer kritesch, well d’Ekipp an där Zäit komplett op sech gestallt war. No e puer Minutte konnt de Kontakt awer nees hiergestallt ginn.

Zousätzlech kruten d’Astronauten och Ablécker op Deeler vum Mound, déi bis elo nach kee Mënsch gesinn hat. Dës Beobachtunge kéinten e wichtege Bäitrag fir d’Wëssenschaft leeschten.

Testlaf fir méi grouss Ambitiounen

Och wa bei dëser Missioun nach keng Moundlandung virgesinn ass, weist Artemis 2, dass d’Technik an d’Zesummespill vum Equipage funktionéieren.

D’NASA huet awer nach méi grouss Pläng: Eng bemannt Landung um Mound ass fir déi nächst Joren am Kalenner agedroen, aktuell ass de Plang am Joer 2028 um Mound ze landen. Op méi laang Siicht soll eng permanent Basis um Mound, d’Grondlag fir zukünfteg Missioune bilden, dass d’Mënschheet och nach aner Deeler vum All eruewere kann.

NASA
Artemis II Crew liwwert nei héichopléisend Fotoe vun der Äerd

Back to Top
CIM LOGO