Drogenhënn am Lycée zu Dikrech am AsazBei engem Schüler goufen illegal Substanze fonnt

Pierre Weimerskirch
An zwou Klassen ass d'Police mat Drogenhënn op d'Sich no illegale Substanze gaangen, dat krute mir op Nofro vum Educatiounsministère confirméiert.

Um Mëttwoch hat d’Police een Asaz am Lycée classique zu Dikrech. Bei engem Schüler goufen Droge fonnt, wéi eng et waren a wéi vill, dat krute mer net gesot.

Iwwert eng Circulaire vum Parquet kéinten d’Direktioune vun de Lycéeë bei konkrete Verdachtsfäll iwwert de Procureur ufroen, no Drogen a Klassesäll ze sichen. Et gëtt deemno keng systematesch Kontrolle mat Drogenhënn an de Schoulen, esou den Educatiounsministère. Et géif net dacks virkommen, datt d’Police wéinst esou Verdachtsfäll, an d’Lycéeë geruff gëtt, genee Zuelen si mer keng gewuer ginn.

Wat gëtt an dëser Circulaire festgehalen?

Op Nofro krute mer Detailer zur allgemenger Prozedur, wéi de Parquet an esou Fäll virgeet.

Bei engem konkrete Verdacht kënnen d’Direktioune vun de Lycéeën ufroen, dass bei hinnen am Gebai eng Drogekontroll gemaach gëtt, esou schreift et de Parquet op schrëftlech Nofro. Da wier et de Procureur an der Stad oder deen zu Dikrech, deen iwwert déi Demande befënnt. Béid Parqueten hätten déi nämmlecht Approche, den Haaptcritère wier ëmmer dee vun engem konkrete Verdacht. D’Konditioune vun der Interventioun géife vun den zoustännege Parqueten decidéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO