
Bis elo war et esou, datt d’Riichter et musse motivéieren, wa si kee Sursis ginn. Dat soll an Zukunft nëmmen nach gëllen, wann et ëm eng Prisongsstrof vu manner wéi 2 Joer geet. Bei méi laange Prisongsstrofen ass et dann ëmgedréint esou, dass d’Riichter sech do mussen erklären, wa si Sursis ginn. Et géing do ënnert anerem ëm sexuell Abusen, Mësshandlung a Gewalt géint Kanner, awer och Finanzkriminalitéit goen. Mat der Reform géing een d’Lutte géint déi schlëmm Kriminalitéit verstäerken, esou d’Justizministesch, an d’Affer besser beschützen.
Am Sënn vum Afferschutz wëll d’Regierung iwwerdeems d’Zesummenaarbecht bannent der EU verbesseren, fir dass geriichtlech Schutzmesuren och Länneriwwergräifend gëllen. Hei géing et zu engem groussen Deel ëm Affer vun haislecher Gewalt goen a Mesuren, déi engem Täter zum Beispill verbidden d’Affer ze kontaktéieren.
D’Regierung hat sech schonn am Koalitiounsaccord virgeholl, datt de Sursis bei schroen Infraktioune soll musse motivéiert sinn. Affer vun haislecher a sexueller Gewalt an Associatiounen, déi sech fir hir Rechter asetzen hunn an der Vergaangenheet kritiséiert, datt Täter ze heefeg Sursis géinge kréien.