Crédit d'impôt beim Kaf vun enger ImmobilieBeim bëllegen Akt huet ee vun elo un 10.000 Euro méi zegutt

RTL Lëtzebuerg
Zanter dem 16. Mee gëllt d'Erhéijung vum bëllegen Akt, wéi se an der Tripartite am Mäerz decidéiert gouf.
© Serge Pauly / RTL (Archiv)

De Crédit d’impôt beim Kaf vun enger eegener Immobilie, sief et en Haus, en Appartement, oder eng Bauplaz, goung vun 20.000 op 30.000 Euro erop. Dat confirméiert den Enregistrement e Freideg. Den erhéichte Crédit d’impôt kann nach retroaktiv fir Akte beim Notaire vum 7. Mäerz dëst Joer un ugefrot ginn. All Persoun huet dee Montant vun elo dann 30.000 Euro fir de Kaf vun enger Proprietéit eemol ze gutt. De Steierkredit kann awer och a Stécker opgebraucht ginn.

PDF: Communiqué

Back to Top
CIM LOGO