Neien Zentrum Nidderaanwen plangt neien Duerfkär bis 2050

Chris Meisch
Den Duerfkär "Am Sand" zu Nidderaanwen soll an de kommende Joerzéngte komplett nei gemaach ginn.
© Chris Meisch

Mat der Neientwécklung wëllt d'Gemeng de Wuesstem besser begleeden a gläichzäiteg d'Liewensqualitéit erhalen, andeems Wunnen, Schaffen a Fräizäit besser matenee verbonne ginn. De Gewënner vum Concours fir d'Neientwécklung vum Zentrum soll elo als Basis fir ee Masterplang déngen a schrëttweis bis 2050 ëmgesat ginn.

Den Duerfkär vun Nidderaanwen huet sech iwwer d'Joren ëmmer weider entwéckelt. Wat awer feelt, ass ee gemeinsaamt Konzept, datt déi eenzel Beräicher matenee verbënnt an aus dem Duerfkär ee richtegen Zentrum fir déi ganz Gemeng mécht. Dat ass ëmsou méi wichteg, well d'Gemeng an de leschte Jore staark gewuess ass a mat engem weideren Zouwuess rechent. Fir dobäi d'Liewensqualitéit ze erhalen an d'ëffentlech Infrastrukturen un déi Entwécklung unzepassen, sou de Frédéric Ternes, Buergermeeschter vun Nidderaanwen, soll de Site "Am Sand" elo nei organiséiert ginn.

"Et ass een immensen Drock um Wunnengsmarché, mir wuessen déi lescht 15 Joer méi séier wéi d’Landesmoyenne. Dofir wëlle mir eis beschtméiglech virbereeden, datt mir dee Wuesstem kënne stemmen. Do musse mir virun allem och kucken, mat ëffentlechen Infrastrukturen – Schoulen, Maison Relaisen a Sportinstallatiounen – nozekommen, fir d'Liewensqualitéit, déi mir Haut an der Gemeng hunn, och bäizebehalen.“

Fir dëse Wuesstem op eng nohalteg Manéier ze begleeden, huet d'Gemeng ee Concours fir d'Neigestaltung vum Duerfkär lancéiert. Mam Gewënnerprojet setzt den Architektebüro "Dewey Muller" ënner anerem de vun der Gemeng virgesinne Prinzip vun de sougenannte "15-Minutten" ëm, wéi d'Christine Muller vum Architektebüro erkläert.

"Et geet jo drëm, dass jiddereen, deen do wunnt a 15 Minutte Fousswee déi wichtegst Infrastrukture kann erreechen. Et geet drëm, dass een déi Opportunitéit huet, dass ee kann zu Fouss goen, mam Vëlo fueren, dass een och mol e Jonken kann akafe schécken, ouni dass Liewensgefor ass. Den Auto ass net méi predominant, mee den Auto ass och kee Feind. Den Auto muss sech einfach an eng aner Hierarchie anuerdnen."

Nieft enger kompletter Neigestaltung vum Akafszenter sinn och den Ausbau vun der Schoul, der Maison Relais an dem Sportkomplex virgesinn. Ronn fënnef Hektar si fir de Wunnengsbau geplangt. Zesumme mat den zwee geplangte Quartiere "Cité Jardin" an "Am Pull" kéinte ronn Dausend nei Wunnenge bäikommen. Am Zentrum selwer soll de Fokus awer op méi klenge Wunnenge leien, erkläert de Frédéric Ternes.

"Zil ass wierklech, am Zentrum "Am Sand" méi kleng Wunnengen unzebidden, och méi dense, méi kleng Unitéiten, dofir méi Unitéiten, grad fir Jonker an eeler Leit, déi net wëllen ee risegt Haus hunn. D‘Iddi ass hei, am Zentrum majoritär Méifamilljenhaiser ze hunn, wou ee kleng Appartementer fënnt, well et ass dat, wat haut extreem feelt."

Bis 2030 soll virun allem geplangt ginn. Eréischt duerno fänken déi éischt Bauaarbechten un.

Eng Estimatioun iwwer d'Gesamtkäschte fir de Projet gëtt et den Ament nach net. Wärend d'Gemeng hir ëffentlech Infrastrukture finanzéiert, soll de Wunnengsbau gréisstendeels vu private Promoteure realiséiert ginn.

D'Pläng baséieren dobäi op enger ëffentlecher Participatioun, dorënner Workshops, Spadséiergäng duerch d'Noperschaft an d'Participatioun vun de Kanner. D'Resultater sinn duerno direkt an de Concours agefloss.

Back to Top
CIM LOGO