Bilan vu FokusHäerz vun der Demokratie wier e Fleegefall

Dany Rasqué
Fokus vermësst eng Politik mat Wäitsiicht a Verstand. Dat huet d'Partei e Méindeg den Owend ënnerstrach, wéi se hire Bilan gezunn huet.
De Marc Ruppert den 13. Juli 2026.
De Marc Ruppert den 13. Juli 2026.
© RTL

Och wa Fokus net an der Chamber vertrueden ass, huet een drop gehalen op déi lescht Méint zeréck ze kucken an do gouf net mat Kritik gespuert, weder bei der Majoritéit nach bei der Oppositioun.

Bilan vu Fokus / Reportage Dany Rasqué

Oppositiounspolitiker si meeschtens blatzeg, esou de Marc Ruppert, de President vu Fokus. Der - wéi hie seet - gréisster an eenzeg relevanter Oppositiounspartei baussent der Chamber.
Nach méi schlëmm erwëscht et d'Majoritéit. An den Ae vum Marc Ruppert sinn dat nämlech Zombie vun hire Parteizentralen. D’Chamber wier schwaach, d’Häerz vun der Demokratie wier e Fleegefall.

“D'Parlament misst dach Stuerm lafen, well grouss Pensiounsdebatten op no de Wale verluecht ginn. Firwat ass ee Parlament do, wann net fir déi Saachen unzepaken, wa se urgenterweis unzepake sinn an dës Debatt, déi ass urgent an déi muss ugepak ginn, an awer gëtt se op no de Wale verluecht. D'Parlament misst Stuerm lafen, bei deem Gepiddels an der Logementspolitik. Kleng Schrauwe ginn als Stolträger verkaf. Firwat ass ee Parlament do, wann net fir de Logementsproblem unzepaken, deen zanter Joren déi gréisste Suerg ass vun de Lëtzebuerger Wieler? Si misste sech eigentlech aspären um Krautmaart an eréischt erauskommen, wa se Léisunge fonnt hunn, fir dee Problem, dee sech elo schonn zanter ganz ville Jore stellt."

Grouss Problemer géifen awer just a klenge Portioune behandelt oder verluecht ginn an domadder der nächster Regierung iwwerlooss. Dat betrëfft zum Beispill de Klima. Fir d’Schüler an d’Enseignanten hätt Fokus wärend der Canicule gär eng Léisung fir dat ganzt Land gesinn, amplaz datt d’Schoulen eng Decisioun hu missen huelen. Och am Fall vun engem eventuelle Bëschbrand wier Lëtzebuerg net virbereet.

“Och do hu mer net wierklech Léisunge parat. Mir wëssen, dass mer net virbereet sinn op e ganz grousse Flächebrand hei am Land. Mir hunn déi Fligeren net, déi mer da bräichten. Mir hunn och keng Übunge gehat, fir esou Fligeren anzesetzen. An et wäert den Dag kommen, wou e Bësch, e grousse Bësch wäert brennen a wou mer net wäerte preparéiert sinn op dat, wat eigentlech offensichtlech ass, an zwar net eréischt säit gëschter oder haut, mee scho säit ganz ville Joren.”

Fokus ass der Meenung, datt konstruktiv an dynamesch Parlamentsaarbecht anescht ausgesäit, wéi dat wat elo um Krautmaart geschitt. D’Politik, déi do gemaach géif ginn, wier farlässeg a kuerzsiichteg. D’Chamber géif sech hannert der Regierung verstoppen an ëmgedréint. Dobäi - seet de Vizepresident vu Fokus Luc Majerus - wier et un der Politik sech deene Probleemer bewosst ze sinn, déi an 10 oder 20 Joer akut géifen. D’Regierung wier awer näischt anescht wéi eng Verbandskëscht an déi gewielte Vertrieder Infirmieren oder Pompjeeën.

“Wann et brennt, da gëtt gekillt. Wann et juckt, da gëtt gespillt. Wann et wéi deet? Da gëtt geplooschtert. A wann et komplizéiert gëtt, da gëtt gekoschtert. Politik? ass déi immediat Reaktioun op en Ist-Zustand. De Politiker gëtt gedriwwen. Vun der Aktualitéit a vun der nächster Walecheance. Et sinn déi grouss Medien, déi d'Direktioun uginn, amplaz seng Aarbecht a Rou a sereinement weiderzeféieren, spréngt esou munche Politiker op all Zuch, dee grad laanscht wiert, op.”

Et ginn awer sporadesch Ausnamen an deenen d’Parlament eng Eegendynamik entwéckelt a sech Majoritéite fannen, déi d’Regierung matzéien, esou Fokus. Ee Beispill wier d’Verfassungsännerung op Initiativ vun déi Lénk, duerch déi elo d’Fräiheet op Ofdreiwung an der Verfassung steet.

Back to Top
CIM LOGO