Mat engem Tripartite-Accord an der Täsch geet d’Regierung Enn des Mounts an d’Summervakanz. A mat “robuste” Staatsfinanzen, wann een dem Finanzminister gleeft an net dem internationale Wärungsfong. Fir e Bilan vun de leschte Méint ze zéien, proposéiere mer en Dënschdeg de Moien um 8 hei op RTL eng Journalisteronn. Eis Invitéë sinn d’Nadine Schartz vum Lëtzebuerger Wort an d’Chefredaktere vum Tageblatt, den Armand Back a vu reporter.lu, de Christoph Bumb.
Mat hinne kucke mer och op déi nächst Baustelle vun der CSV-DP Regierung virun de Walen an zwee Joer a mir schwätze mat hinnen iwwert d’Enquête bei der Direction de l’immigration.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.