Den Autofestival 2018 war e Succès, souwuel bei de Visiteurszuele wéi och bei de Venten. D'Garagistefederatiounen ADAL a FEGARLUX zéien e ganz positive Bilan, sot et den ADAL-President Benji Kontz en Dënschdeg de Moien am RTL-Interview, d'Editioun 2018 wier wéi et ausgesäit dann och nach besser gelaf, wéi déi vun zejoert.
An den nächste Woche wäerten nach vill Kontrakter derbäikommen. Um Festival ginn en Drëttel vun de Ventë vum Joer realiséiert.
D'Onsécherheet, wat de Choix vun der Motorisatioun ugeet, war dëst Joer net sou bei de Clienten ze gesinn wéi d'lescht Joer, d'Garagiste wieren a Punkto Berodung och besser preparéiert gewiescht, esou de Benji Kontz.
Bei de Ventë leien den Bensiner an den Diesel plus ou moins gläichop. D'Leit interesséiere sech zwar och fir Elektrogefierer, mä vum Interêt weise bis bei d'Vente wier et heiansdo e wäite Wee, esou den ADAL-President. Gesicht sinn iwwregens virun allem SUV'en a Kombien.
Invité en Dënschdeg de Moie kuerz no 8 Auer am Studio vu Radio Lëtzebuerg war de President vun der Federatioun ADAL.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren