Schnapp, Houscht, Féiwer: déi typesch Symptomer fir eng Gripp – mee net ëmmer kann ee vun enger reegelrechter Gripp schwätzen. Wéi de Santésministère matdeelt, ass een zu Lëtzebuerg an der Well vun den Otemwee-Infektiounen ukomm. Zu dëse gehéiert de Covid-19, d’Gripp an d’RSV-Infektiounen, mat deenen aktuell all 10. Patient virstelleg gëtt, deen an d’Urgencë vun de Spideeler kënnt.
Wéi d’Kannerdoktesch Dr. Michèle Kayser-Wengler am Gespréich mat RTL erkläert, ginn et am Moment haaptsächlech vill Grippefäll bei Kanner a Jonken – Persounen also, bei deenen de Risk fir Komplikatioune manner héich ass, wéi bei eelere Leit. Trotzdeem gëtt allgemeng ëmmer nach geroden, sech impfen ze loossen, egal ob jonk oder al, well de Pic vun der Epidemie nach net erreecht ass.
Wann d’Impfung géint d’Gripp déi éischte Kéier virun dem néngte Liewensjoer gemaach gëtt, ginn zwou Picküre mat engem Ecart vun engem Mount gemaach. Dëst géing dozou féieren, datt verschidden Elteren zécken, fir hir Kanner impfen ze loossen, erkläert d’Dr. Michèle Kayser-Wengler.
D’Doktesch hofft elo drop, datt ee vun nächstem Joer un op eng nei Impfung kann zréckgräifen, déi “wéi e Nuesespray” applizéiert gëtt, wat d’Kanner manner belaaschte géing an doduerch d’Zuel vun Impfunge kéint an d’Luucht bréngen. Déi respektiv Verhandlunge mat der CNS géinge scho lafen, sou d’Dr. Michèle Kayser-Wengler.

Wéi dann aus der Äntwert vun der Santésministesch Martine Deprez op d’parlamentaresch Fro vum LSAP-Deputéierte Mars Di Bartolomeo ervirgeet, fänkt an Europa iwwerdeem un, de Standard-Vaccin knapp ze ginn – et géing awer nach ëmmer genuch iwwreg bleiwen, fir Leit iwwer 65 Joer ze impfen. Hei am Land goufen där Vaccinen dann och vill verkaaft. Bis Mëtt Dezember si knapp 104.000 Dosen un d’Apdikte geliwwert ginn.
Aktuell wier d’Situatioun an den Alters- a Fleegeheemer och stabel, wat d’Ministesch op déi grouss ugeluechte Vaccinatiounscampagnen zeréckféiert.