Méi Gläichstellung an der SaunaDe CET proposéiert dräi verschidde Beräicher oder e Fraen- an e Männerdag

Carine Lemmer
Ënnert dem Stréch soll all Geschlecht gläichméisseg vill vun der Sauna kënne profitéieren, sou de Centre pour l’égalité de traitement
https://pixabay.com/photos/pool-sauna-bath-vacation-3001209/
An den ëffentleche Saunae soll et och e klore Verhalenskodex ginn, deen affichéiert ass.

D’Gläichstellung tëscht de Geschlechter an der Sauna...dat ass en Thema. Ëmmer nees beschwéiere sech Männer zum Beispill, datt si manner an d'Sauna kéinten, well jo een Owend just "Fraenenowend" wär. Oder ëmgedréint gëtt et Kritik vu Fraen, well déi sech benodeelegt fillen, wa se net ëmmer wëlle mat Männer zesumme an der Sauna sëtzen.

De Lëtzebuerger Centre pour l’égalité de traitement (CET) huet sech op alle Fall mat där Fro vun der Gläichstellung an den ëffentleche Saunaen uechter d'Land beschäftegt. Dat well et eng Rei Plainte gouf vu Fraen a vu Männer.

Den Zenter fir Gläichstellung recommandéiert, wann et méiglech ass, dräi Sauna-Beräicher: eng Sauna fir Fraen, eng fir Männer an eng fir béid. Sou kéint jidderee gläichméisseg vill vun der Sauna-Infrastruktur profitéieren. An et géif een de verschidde Besoine gerecht ginn. Wann dat net méiglech ass soll et e Fraendag ginn an e Männerdag, wou da just ëmmer dat Geschlecht an d'Sauna däerf.

Ënnert dem Stréch soll all Geschlecht gläichméisseg vill vun der Sauna kënne profitéieren. D'Tariffer sollen natierlech och d'selwecht sinn.

An den ëffentleche Saunae soll et och e klore Verhalenskodex ginn, deen affichéiert ass. An et soll e vertrauleche Meldesystem ginn, wann ee sech onpassend behëlt.

D'Recommandatioune vum CET

Back to Top
CIM LOGO