
Op der Generalversammlung, déi d'Biergerinitativ vu Biissen en Dënschdeg den Owend hat, war de Message kloer.
"Mir kënnen net mat eppes d'Accord sinn, wou mer net wëssen, wat op eis duerkënnt". An deem Kader huet d'Initativ och déi ganz Geheimniskrämerei ronderëm de Projet vu Google zu Biissen kritiséiert. Et kritt een net genuch Informatiounen, fir sech mam Thema auserneen ze setzen. Dëst ass wuel och e Grond, wisou d'Leit da fäerten, datt de risegen Datenzenter kéint en negativen Impakt op hiert Duerf hunn.
De Mouvement Ecologique appelléiert en Dënschdeg de Moien an engem Communiqué un déi Gemenge-Responsabel vu Biissen, grad wéi un den Ëmwelt- an Inneministère, nach keng Decisioun a Punkto Ëmklasséierung vum Terrain ze huelen, wou den Google-Datacenter geplangt ass.
Bis ewell hätt een nach net genuch Donnéeën iwwert de méigleche Waasser-Verbrauch, deen den Data-Center wäert mat sech bréngen. Dëse kéint Schätzungen no iwwert 10% vum Verbrauch vum ganze Land leien, schreift de Mouveco.
Vun ëffentlecher Säit géif zwar behaapt ginn, dass den Approvisionnement net iwwert de Sebres-Réseau géif geschéien, mä aus natierleche Waasser-Verleef ronderëm, allerdéngs misst ee sech froen, ob dat speziell an de Summerméint iwwerhaapt machbar wier, schreift de Mouveco.
Sollt d’Gemeng Biissen, wéi virgesinn awer den 20. Juni eng Ëmklasséierungsdecisioun stëmmen, behält de Mouveco sech et vir, rechtlech Schrëtt do dogéint anzeleeën.