Well si op nohalteg Alternative setzenBiobauere fannen d'Präishausse beim Dünger net dramatesch

Marc Hoscheid
D'Lëtzebuerger Landwirtschaft sollt déi aktuell Situatioun notzen, fir sech anescht opzestellen.
Biobauere fannen d'Präishausse beim Dünger net dramatesch
D'Lëtzebuerger Landwirtschaft sollt déi aktuell Situatioun notzen, fir sech anescht opzestellen.

Well de Mierespassage vun Hormus wéinst dem Iran-Krich eng länger Zäit komplett gespaart war, sinn d'Präisser vun enger Partie Produite massiv an d'Luucht gaangen. Dozou gehéiert och de cheemeschen Dünger, wat nieft den héijen Energiekäschten eng zousätzlech finanziell Belaaschtung fir d'Lëtzebuerger Landwirtschaft bedeit. Ma et gëtt och Baueren, déi vun där Entwécklung guer net betraff sinn.

An der Biolandwirtschaft kënnt am Normalfall guer kee cheemeschen Dünger an den Asaz a wann een eppes net nëtzt, kann et engem och egal sinn, wéi vill et kascht. Den Tom Kass, Gerant vum Biobetrib Kass-Hass vu Rolleng bei Miersch iergert sech dowéinst e bëssi doriwwer, datt am Kader vum Iran-Krich an der Ëffentlechkeet bis elo quasi just iwwert d'Belaaschtung fir déi konventionell Betriber geschwat géing ginn.

"Et ass einfach sou, zanter 100 Joer gëtt et d'Biolandwirtschaft, soe mer mol zanter 40 bis 50 Joer ass se wëssenschaftlech dokumentéiert. Dat heescht et ass eng Form vu Landwirtschaft, déi funktionéiert, déi weltwäit funktionéiert an et ass eben net richteg, dat no bausse sou duerzestellen, datt et keng Alternativ zum Konschtdünger géing ginn, et gëtt duerchaus eng Alternativ, et ass just jidderengem säi Choix, no wéi enger Method e wëll schaffen."

Bis ewell gouf virop ënnerstrach, datt déi héich Düngerpräisser eng zousätzlech finanziell Belaaschtung fir d'Bauerebetriber duerstellen. Et kéim een einfach net laanscht déi Ausgaben, dat hat viru knapp engem Mount de President vun de Jongbauere Charel Ferring bei eis um Radio ënnerstrach: "Fir datt mer héije Standard kënne produzéieren, brauche mer leider Gottes déi Düngermëttel, et ass net wéi wann een e bëssi manner kéint düngen an da géing et och goen. Grad wa mer iwwert Qualitéitsweess schwätzen, fir Brout ze baken, muss ee gewësse Krittären erfëllen an dat geet nëmme mat enger effektiver Düngung."

Dat gesäit den Tom Kass awer nawell liicht anescht:"Dat ass ebe Kabes, och d'Biobauere bauen hei zu Lëtzebuerg Broutweess un an et sou, datt d'Biokären, och wa se eigentlech manner Eewäiss hunn, deen deelweis fir d'Bakfäegkeet zoustänneg ass, souguer mat manner Eewäiss eigentlech eng besser Bakfäegkeet hikréien, well d'Planz einfach anescht gewuess ass a vill méi ausgeglach ass an net sou gedriwwe gouf duerch den Asaz vu cheemesch syntheeteschem Dünger."

An der Biolandwirtschaft setzt ee engersäits op Mëscht a Gülle, woubäi Mëscht net gläich Mëscht ass: "Schwéngsmëtsch ass eng zimmlech intensiv Mëscht, Héngermëscht ass och eng zimmlech intensiv Mëscht, Koumëscht ass éischter eng méi ausgeglache Mëscht. Mir hu lo hei bei eis um Haff de Virdeel, datt mer bëssi vun all Zort Déieren hunn, dat heescht hei um Koup gëtt d'Mëscht souwisou duerchernee gemaach vun deenen dräi oder véier verschiddenen Zorten, déi mir hunn. Dat ass am Fong d'Idealsituatioun, well all Zort Déier een aneren Närstoff méi ausgepräägt huet a wa mir dat hei gemëscht hunn, dann hu mir och all déi Närstoffer herno schéin ausgeglach an eisem Kompost."

Zu deene Närstoffer gehéieren ënnert anerem Stéckstoff, Phosphor a Kalium. Anerersäits setzt een op Leguminosen. Dozou gehéieren zum Beispill Kléi, Bounen an Ierbessen. Déi Leguminose brauche selwer quasi keen Dünger, mee huele Stéckstoff aus der Loft op an dee gëtt herno an hire Wuerzelen an enger Symbios mat sougenannte Knöllchenbakterien op natierlech Aart a Weis stockéiert. Dovu profitéieren dann déi nächst Planzen.

"An deen natierlechen Dünger, déi natierlech Düngerreserve, benotze mir dann am weidere Verlaf vun eiser Fruchtfolleg, wou da fir d'éischt déi Planze kommen, déi een héije Verbrauch hunn, Weess oder Geméis oder Gromperen an dono da jee nodeem wat d'Planze fir ee Bedarf hunn, déi aner Kulturen hannendru kommen. Bis ee schlussendlech rëm bei Null ufänkt a rëm Leguminosen ubaut, wat am Fong dozou féiert, datt een ëmmer een Drëttel vu sengem Aker mat deene Leguminosen huet." Deelweis profitéieren déi aner Kulturen och schonn dovunner, wa se zäitgläich mat de Leguminosen ugebaut ginn.

Dës kommen net nëmmen um Feld, mee och am Gaart an den Asaz. Well déi Saachen dacks just e puer Wochen an engem Beet sinn, gëllen hei awer aner Reegelen: "Dat heescht do ass et net sou einfach, fir eng Leguminos, déi eng laang Zäit braucht, dotëscht unzebauen, et wëllt ee jo déi ganzen Zäit vun där Fläch profitéieren, déi een huet. Wa mer hei mat Leguminose schaffen, dann ass dat éischter an enger Tëschefruucht. Am Hierscht, wa mer ophalen eppes am Fräiland kënnen unzebauen, da mécht et Sënn, de Buedem ze bedecke mat enger Tëschefruucht, wou och Leguminose mat dra sinn, iwwert de Wanter bis mer dann am Fréijoer rëm kënnen dobausse lassleeën."

Wat d'Qualitéit vun de Liewensmëttel ugeet, géing dës net ënnert dem natierlechen Dünger leiden, mee se wier au contraire besser wéi déi wa mat cheemeschem Dünger geschafft gëtt.

Dono gefrot, ob hien déi aktuell Situatioun mat den héijen Düngerpräisser als Chance fir een Ëmdenke gesäit, weist den Tom Kass sech duerchaus optimistesch: "Also an der Vergaangenheet war et ëmmer sou, datt aus Krisen, déi am Beräich vun der Landwirtschaft, virun allem am Beräich der konventioneller Landwirtschaft, entstane sinn, sief et BSE, sief et aner Geschichten, huet normalerweis d'Biolandwirtschaft dovu profitéiert. Well dann doduerch d'Leit einfach mol opmierksam ginn a mol iwwerleeën, wéi sinn déi ganz Zesummenhäng, wéi produzéiere mer eis Liewensmëttel an dann aus deem Grond ëmstellen."

Ob d'Bioproduite elo präislech méi kompetitiv wäerte ginn, misst een ofwaarden. Am Fong wiere se dat och schonn haut, an zwar wann déi negativ Nieweneffekter, déi bei der Produktioun vu konventionelle Liewensmëttel ufalen, als Käschten op de Präis dropgeschloe géinge ginn.

Back to Top
CIM LOGO