
E Samschdeg war den Optakt vum 113. Tour de France zu Barcelona. Op dem 19,6 Kilometer laange Parcours laanscht d'Sagrada Familia, de Carrer de Llull an de Passeig de Santa Madrona hat et laang no enger Victoire vun Netcompany Ineos ausgesinn, mee Visma Lease a Bike konnt an der Persoun vun hirem Leader Jonas Vingegaard nach déi séierst Zäit fueren. Domat duerft den Dän och direkt de Maillot Jaune undoen, deen hien an den nächsten Deeg verdeedege wëll. Zweete gouf de Filippo Ganna fir Netcompany Ineos.
D'Ekipp UAE Emirates vum Tadej Pogacar war och gutt opgeluecht, koum awer net un d'Zäit vum Vingegaard erun. De Pogacar ass déi drëttbescht Zäit gefuer. Och Lidl-Trek a RedBull-Bora-Hansgrohe waren no drun, d'Zäit vun Netcompany Ineos respektiv Visma Lease a Bike ze ënnerbidden, mee um Enn sollten e puer Sekonne feelen.
D'Ekipp Cofidis koum mat engem Réckstand vun 1 Minutt 17 Sekonnen op déi 19. Plaz ënner 23 Ekippen. Den Alex Kirsch konnt den Uschloss u seng Coequipieren net bis zum Schluss halen a koum mat enger Zäit vu 24 Minutten a 25 Sekonnen op der Arrivée un.
1 Team Visma Lease a Bike 21:47
2 Netcompany Ineos Cycling Team 0:08
3 UAE Team Emirates 0:12
4 Lidl-Trek 0:16
5 RedBull-Bora-Hansgrohe 0:19
...
19 Cofidis 1:17
1 Jonas Vingegaard 21:47
2 Filippo Gana 0:08
3 Tadej Pogacar 0:12
4 Juan Ayuso 0:16
5 Remco Evenepoel 0:19
6 Isaac Del Toro 0:26
7 Davide Piganzoli 0:28
8 Florian Lipowitz 0:35
9 Tobias Foss 0:38
10 Paul Seixas 0:39
...
65 Alex Kirsch 2:38