Gedenkfeier zu Cinqfontaines"Dëse Site gëtt haut méi gebraucht wéi jee"

Ryck Thill
Dat sot de Marc Schoentgen vum Comité Auschwitz e Sonndeg bei der Gedenkfeier zu Cinqfontaines.

85 Joer nodeems d'Nazien am fréiere Klouschter vu Cinqfontaines (Pafemillen) en Internéierungscamp ageriicht haten, ass e Sonndeg un d'Affer vun der Shoah erënnert ginn. Ronn 300 jiddesch Fraen, Männer a Kanner goufe vun do aus an d'Konzentratiouns- an d'Vernichtungslager deportéiert.

Bis 1941 war Cinqfontaines e ganz normale Klouschter. D'Patere vum Häerz-Jesu-Uerden hunn hei gelieft. Mat der däitscher Besatzung huet sech dat geännert. D'Gestapo huet d'Patere verdriwwen an am August 1941 en Internéierungs- an Transitlager ageriicht. Offiziell huet et "Jiddescht Altersheem" geheescht. Tatsächlech goufen hei ronn 300 Judden aus ganz Lëtzebuerg festgehalen. Si haten hir Wunnenge misse verloossen an hunn am Klouschter op hir Deportatioun gewaart: Kanner, Erwuessener an eeler Leit.

Schonn am Oktober 1941 ass den éischten Deportatiounszuch vu Cinqfontaines fortgefuer. Am Ganze gouf et siwen Transporter, dee leschten am Juni 1943. Déi meescht vun den Internéierte goufen a Ghettoen, Konzentratiouns- a Vernichtungslageren deportéiert. Nëmmen e puer hunn iwwerlieft.

"Dës Plaz hei gëtt gebraucht, vläicht haut méi wéi jee, fir sech mat der Vergaangenheet vum Land ze befaassen", esou de Marc Schoentgen vum Comité Auschwitz.

Haut erënnert en Dokumentatiouns- a Bildungszentrum un dëst däischtert Kapitel vun der Lëtzebuerger Geschicht. Fir de Kulturminister Eric Thill geet et awer net nëmmen drëm, d'Geschicht ze erzielen. Et geet och drëm, den Affer hir Identitéit an hir Dignitéit zeréckzeginn. D'lescht Joer hu ronn 3.000 Persounen de Site besicht, dorënner vill Schoulklassen.

Back to Top
CIM LOGO