Trotz rustikaler Fassad ass de Fräiliichtmusée elo an der Lag, net just sech selwer, mee doriwwer eraus bis zu weider 400 Leit mat Stroum ze versuergen. An zwar mat den neie Photovoltaik-Anlagen, wéi d’Laura Fretz, Präsidentin vum Tourist Center Clierf, erkläert.
“De Projet ass jo esou, dass mer wëllen de ganze Site hei zu Munzen autark kréien, dass mer am Inselbetrib ganz eleng ouni iergend en aner Stroumnetz kënne fonctionéieren, wann et zu engem grousse Stroumausfall kéim. Mir si Stand elo awer esou wäit, dass schonn e Gros vun de Photovoltaikanlage leeft, a Betrib ass, aspeist an och schonn eise Site domat ka versuergen.”
Ganz am Geescht vun der Robbesscheier goufe beim Ausbau vun der dofir noutwenneger Infrastruktur der Robbesscheier hir Schaffpäerd agesat. Si hu gehollef, iwwer dräi Kilometer Stroumleitungen an de Buedem ze leeën. A punkto Nohaltegkeet gesäit ee sech als Virreider, et wëll ee se hei net nëmmen ökologesch ëmsetzen, betount de Jean Zeches, Direkter vum Tourist Center Clierf.
“Ech mengen, dat ass d’Zukunft, wann ee probéiert, alles ze vernetzen, zesummen ze schaffen, och mat den aneren Acteuren – ech menge mir schaffe vill mat lokale Betriber zesummen, och déi lokal Produkter, déi mer an der Kiche verschaffen, an et ass dat, wat eis och resilient mécht - dat ass och erëm esou en typescht Wuert wat iwwerall gebraucht gëtt- mee et ass dat, wat dann och eng Regioun dann einfach widderstandsfäeg mécht, wann een zesummeschafft a ganz villes beienee bréngt a verknëppt.”
D’Konventioun an de Finanzement vum Projet goufen dann och vum Ëmweltministère bis 2028 verlängert, esou dass eng méi laangfristeg Ofsécherung garantéiert ass.