Vu klengen Tëschefäll wéi Vol, bis bei eskaléiert Kläppereien. Op der Schueberfouer huet d’Police scho vun allem materlieft. Bis ewell wier et zimmlech roueg verlaf. Dat ass de Bilan vun der Police iwwert d’Schueberfouer.
Verlueren Objeten, Vol, Leit déi hir Kanner iwwert de Service „enfants perdus“ wëllen umellen, Sécherheetspatrullen, fir e puer Missioune vun der Police op der Schueberfouer ze nennen. Ma wéi genee esou een Owend vun der Police kann ausgesinn, huet d’Nina Schagen e Freideg fir eis materlieft.
D’Police op der Schueberfouer... do kënnt engem direkt d’Fouer-Kommissariat an der Entrée an de Kapp. Donieft ass d’Police awer och um Site selwer present. Sécherheetspatrullen, déi reegelméisseg iwwert de Site an d’Alentoure ginn.

D’Catherine Weber, Pressespriecherin vun der Police: “Di Patrullen, dat si Fouss-Patrullen, déi kënnen ënnerschiddlech opgestallt sinn. Et ka sinn, dass do Kolleeginnen a Kolleege vun der Hondsstaffel do matmaachen oder och am Kader vun der internationaler Zesummenaarbecht zum Beispill Polizisten a Polizistinnen aus dem Ausland dobäi stoussen.”
Alentouren vum Glacis, do ass d’Stéchwuert meeschtens de Park.
Catherine Weber: “Mir sinn elo hei effektiv duerch de Park gaangen. Hei sinn elo 2 Persoune kontrolléiert ginn, déi hei ënnerwee waren, do ass awer elo näischt weider festgestallt ginn an déi Persounen sinn dunn normal weidergaangen.”

De Bilan bis ewell: relativ roueg, esou de Georges Beffort, Kommissär an der Stad op der Police.
Georges Beffort:“Et mierkt een, dass d’Leit frou sinn eraus ze kommen. Bal alleguerten d’Leit si frou a fein a kommen bei eis Moie soen an och ënnerteneen gi se gutt eens. Mir hunn alt mol deen een oder aneren dee mengt e misst aus der Roll falen, mä dat gëtt et iwwerall. Dofir ass d’Police gewappnet, do gi mir eens, dat passt schonn. A wéi gesot, wann et esou weidergeet, wann d’Police zefridden ass, da sinn d’Leit och zefridden an och ëmgedréint. An ech mengen och de Foraine geet et wéi eis. Da misst dat passen.”
Nieft de Sécherheetspatrullen huet d’Police awer och eng ganz Rei aner Missiounen.
Catherine Weber:“Dat ka vun Objeten, déi fonnt ginn a Leit déi déi dann op d‘Police bréngen, goen, iwwert Leit déi hir Kanner iwwert de Service „enfants perdus wëllen aschreiwen an da geet et natierlech och drëm Präsens ze weisen, präventiv ze schaffen an och ebe fir séier op der Plaz ze sinn, wann eppes géing gemellt ginn, wou eng Interventioun noutwenneg wär.”

Bis ewell goufen et eng 800 Aschreiwungen fir dee Service „enfants perdus“, ma wat genee ass dat?
Catherine Weber:“Dat funktionéiert am Fong esou, dass Leit, déi mat Kanner op d’Fouer kommen, sief et Crèchen, Foiren oder Elteren oder soss Begleeder, hir Kanner am Virfeld iwwert d’E-Kommissaraiat vun der Police, op police.lu umellen an och d’Coordonnéeën do hannerloossen, a wann d‘Leit da mat de Kanner op d’Fouer kommen, da kënne si direkt an der Entrée vun der Fouer, am Fouer-Kommissariat sech e Sticker siche goen, wou d’Coordonnéeën dann och drop stinn. An dann, wann ee Kand eng Kéier sollt verluer goen, mécht dat et natierlech ëmsou méi einfach, fir dann de Begleeder vum Kand z’ermëttelen an da béid Säiten rëm zesummen ze féieren.“
Iwwerdeems ginn et ëmmer nach e puer Leit déi net verstanen hunn, dass d’Fouer dëst Joer um Weekend net méi bis 2 Auer leeft. Mm och dat hätt een am Grëff.

Georges Beffort: “D’Leit bréngen et awer fäerdeg bis 1 Auer genuch gedronk ze hunn a wëssen dann, datt et Zäit ass fir heem ze goen. Mir ginn dann heiansdo laanscht an erënneren si drun, dass 1 Auer ass an do sinn och bal alleguerten d’Leit déi domadder averstane sinn. Deen een oder anere muss dat dann nach eng Kéier erkläert kréien, an da klappt dat och.”
D’Leit op der Fouer selwer hu bis ewell näischt un der Sécherheet ze reklaméieren.
“Ech fannen et gutt, dass vill méi Polizisten duerch d’Leit ginn an net nëmmen hei vir an der Entrée stinn. Ech fannen eigentlech och, dass iwwerall Präsens ass, an dass ee keng Angscht muss hunn, fir heihinner ze kommen.”Et kann een also hoffen, dass et di nächst Deeg a Wochen esou weider geet.
