Am Organisatiounsteam huet ee bekannte Gesichter begéint, déi sief et als Trailleefer oder an der Organisatioun vum Mëllerdalltrail Erfarunge gesammelt hunn. An déi ware motivéiert fir och en Trail am Uelzechtdall op d'Been ze setzen. Nieft der Ënnerstëtzung vun der Gemeng hunn da missten déi néideg Autorisatiounen ugefrot ginn a Benevoller motivéiert ginn. Et huet een natierlech gespaant op de Feedback vun den Trailleefer a -leeferinne gewaart.
D'Liz Nepper hat bei den Dammen d'Nues vir, virum Shefi Xhaferaj. De Max Lallemang konnt sech bei den Häre virum Lucas Clees duerchsetzen. De Leschtgenannten ass de Spezialist vun de laangen Distanzen. 17 km ass fir hien ze kuerz, fir sech esou richteg kënnen ze entfalen. Och d'Marcheure sinn op hire Kont komm. Enger 2. Editioun dierft am Fong näischt méi am Wee stoen.