
D’Police hat e Sonndeg de Moien en Auto mat engem geplatzte Pneu op der A6 gemellt kritt. Weider war et d’Informatioun, dass de Chauffer hannen op der Réckbänk schlofe géif. Eng Policepatrull konnt de Chauffer dann och untreffen an huet en Alkohol- an en Drogentest gemaach. Béid si positiv ausgefall an de Fürerschäi gouf agezunn.
An der Nuecht op e Méindeg, kuerz no Hallefnuecht, huet en Automobilist sech onglécklech opfälleg verhalen, wéi en eng Policepatrull an der Rue Gaffelt zu Diddeleng gesinn huet. De Chauffer huet stënterlech gebremst an ass och kuerzzäiteg op d’Géigespuer geroden. D’Policebeamten hunn de Chauffer dann och direkt kontrolléiert. Den Alkoholtest war positiv an e provisorescht Fuerverbuet war d’Konsequenz.